Et ass endlech esou wäit! Den Dram vu menger eegener Réischterei gëtt Realitéit. Duerch vill Chance a mat der Hëllef vum Natur- a Geopark Mëllerdall hunn ech ee Lokal vun der Beeforter Gemeng ugebuede kritt. Un dëser Plaz ee ganz grousse Merci u béid Acteuren! 🙂
Elo ass et un der Zäit d’Lokalitéit, ee fréiere Stall, virzebereeden an ze verännere fir dass ech do réischtere kann, Course gi kann a natierlech Clienten empfänke kann. Dat Ganzt kascht natierlech Geld an do kënns du an d’Spill! Ech hu mir geduecht ee Crowdfunding ze starten an dech esou Deel vun der Realisatioun vum Projet ginn ze loossen. E Crowdfunding Ënnerscheed sech vun engem normale Spendenopruff andeems du eppes kriss fir deng Bedeelegung. Ech hu mir dozou de Kapp zerbrach, wat ech dir fir deng Spend kann offréieren an ënnen op dëser Säit hues du d’Méiglechkeet dir ee Merci erauszesichen, dee jee no Montant gestaffelt ass vun enger Plaz op der Patrice.Coffee Supporter Tafel iwwer Cupping- a Réischtercourse bis hin zu enger VIP Supporter Plaquette an der Réischterei a bei dir doheem.
Glécklecherweis hunn ech de Réischterer scho kaf! Domat ass dat Wichtegst fir meng Réischterei besuergt an och scho bezuelt.
Dofir hunn ech geduecht ech géif mat deem Geld dat erakënnt een Destoner kafen. Den Destoner ass dofir do, kleng Steng a Bounen déi defekt sinn aus dem Kaffi erauszehuelen. Am Generelle kafen ech esou gudde Kaffi, dass dat net néideg ass MEE d’Bauere sinn och nëmme Mënschen a Feeler geschéien. Dofir ass dat op der éischter Plaz fir d’Spenden. Esou ginn ech sécher, dass näischt un deng Kaffismaschinn ka kommen! Den Destoner kascht 2500€.
Wa méi Geld rakënnt?
Wa méi rakënnt ewéi déi 2500€, notzen ech déi natierlech och fir d’Réischterei. Engersäits muss ech nach lauter Klengegkeete kafen an anerersäits wa genuch erakënnt, kafen ech nach een klengen Testréischterer, fir dass ech de Kaffi deen ech dir réischteren nach besser maache kann.
Hei ënne kanns du dir eraussichen wéivills du spende wëlls. De Montant an de Kaddo deens du kriss stinn dobäi. D’Kaddoen si gestaffelt, dat heescht wanns du zum Beispill eng Spend vu 50€ (1 Patrice.Coffee Taass + 1kg Kaffi) auswiels, kriss du dee Kaddo an déi Kaddoe vun deene Spende virdrun. An dësem Fall géifs du een 10% Coupon fir deng nächst Bestellung kréien (Kaddo vun der 25€ Spend) an natierlech deng Plaz op der Supporter Tafel (Kaddo vun der 5€ – 20€ Spend).
Falls iergendeppes net klappt, du hues Froen oder wëlls een anere Montant spende wéi dat wats du hei auswiele kanns, zéck net mir eng Mail ze schécken u moien@patrice.coffee