Egal op Kaffisvollautomat, Filtermaschinn oder Espressosmaschinn, déi wichtegst Variabel déi ee beim Kaffi maachen astelle kann ass de Muelgrad.
 
De Muelgrad astelle setzt natierlech fir d’éischt Viraus, dass een eng Kaffismillen huet. An engem spéideren Artikel wäert ech dorop agoen, wat ee vun Optiounen huet bei Kaffismillen.
 
De Kaffi selwer muelen huet nach een anere risege Virdeel. Kaffi hält sech am beschten an der Boun, soubal de Kaffi gemuel ass, ass d’Kontaktfläch mat der Loft méi grouss, an déi vill gutt Aromae verléieren sech immens schnell. Bei richteg guddem Kaffi stellt een dëse Verloscht vun Aroma schonn no enger Stonn fest.

Den Ënnerscheed tëscht réng a graff gemuelem Kaffi.

De Muelgrad reguléiert bei Kaffisvollautomat, Filtermaschinnen an Espressosmaschinnen, wéi schnell d’Waasser duerch de Kaffi leeft.

Wa Kaffi méi réng gemuel ass, leeft d’Waasser luess doduerch an huet méi Zäit Kaffi ze absorbéieren.

Wa Kaffi méi graff gemuel ass, leeft d’Waasser méi schnell doduerch an d’Waasser léist manner Kaffi.

Firwat ass de Muelgrad esou wichteg?

Mam Muelgrad verännert ee wéi de Kaffi schmaacht. Ween schonn eng Kéier een Espresso gedronk huet deen immens batter war, ass wahrscheinlech ze réng gemuelem Kaffi zum Affer gefall (Iwwerextraktioun).

Wann den Espresso immens sauer schmaacht war de Kaffi ze graff gemuel (Ennerextraktioun).
 
Wanns du also ee Kaffi doheem hues deen dir nët schmaacht, probéier mol de Muelgrad ze verstellen.
 

Nët all Kaffi soll een d'selwecht muelen!

Beim Kaffi gëtt et esou vill Variabelen, dass een net ee Muelgrad fir all Kaffi festsetze kann.

D’Varietéit, de Réischtgrad (hell oder donkel), d’Ubbaualtitude oder och nach d’Planzen déi ronderëm de Kaffibeem wuessen, sinn alles Variabelen déi d‘Dicht vun enger Kaffisboun veränneren. Dofir ass et immens wichteg, dass ee bësschen experimentéiert.

Wéi stells du de Muelgrad richteg an?

Am beschte gees de beim Astelle vum Muelgrad fir d’éischt op déi 2 Extremer.

Wanns de also zum Beispill ee Vollautomat hues, stell de Muelgrad esou réng ewéi méiglech an a maach dir eng Taass Kaffi, da stell de Muelgrad esou graff ewéi méiglech a maach ee Kaffi a schëtt dee fort. Dann maach nach eng Taass mat deem graffe Muelgrad. Deen 2. Kaffi gëtt fortgeschott, well do nach méi réng gemuele Kaffi mat dran ass, deen d’Resultat verfälsche kann.
 
Da schmaach déi 2 Tasen an decidéier dech fir eng. Uschléissend kanns de a klenge Schrëtt de Muelgrad verännere fir de perfekte Muelgrad fir dech an de Kaffi ze fannen. Dat wichtegst heibäi ass, dass de Kaffi dir schmaacht!

Generell Richtlinne fir d'Muele vum Kaffi!

Espresso – ganz réng gemuel. De Kaffi soll wéi Pudder sinn.

Filtermaschinn a Bialetti – fir des Kaffismaschinnen, benotz ee relativ renge Muelgrad deen awer nach méi graff ass wéi Espresso
 

French Press (Bodum) – fir dës Method benotzt ee graff gemuele Kaffi. Well d’Waasser net duerch de Kaffi leeft mee de Kaffi gëtt am Waasser stoe gelooss wärend ongeféier 4 Minutten.

Ech hoffen, dësen Artikel huet dir gewisen, wéi wichteg et ass ze experimentéiere bei der Kaffiszoubereedung. Déi mannste Léit këmmeren sech em de Muelgrad, mee ech garantéieren dir, dass wanns du dir déi Zäit hëls schmaacht däi Kaffi dir VILL besser 😉 Villäicht souguer esou gutt, dass de op Mëllech an Zocker verzichte kanns? 😉

Leave a Reply

Your email address will not be published. Required fields are marked *


The reCAPTCHA verification period has expired. Please reload the page.