Ech ginn ëmmer erëm gefrot op ee spezifesche Kaffi da staark ass. An dofir wëll ech an dësem Artikel dorop agoen, firwat ee Kaffi vu sech aus net méi staark oder méi schwaach ass wéi een aneren.

Wat definéiert d'Stäerkt vun engem Kaffi?

Entgéint dem heefege Glawen, ass et net de Kaffi dee staark oder schwaach ass. D’Stäerkt vum Kaffi hänkt zum Groussdeel vun der Quantitéit vu Kaffi of, déi ee beim bréie benotzt. Dat heescht wats de méi Kaffi benotz wat e méi staark ass.

Generell seet een dass d’Ratio vu Kaffi zu Waasser tëscht 1 zu 15 (méi staark) an 1 zu 17 (méi schwaach) léie soll. Domat ass gemengt wéi vill Gramm Kaffi op wéi vill Gramm Waasser.

Eng aner Variabel déi Kaffi méi staark oder schwaach mëscht ass d’Kontaktzäit tëscht dem Kaffi an dem Waasser. Wat de Kaffi méi laang mam Waasser am Kontakt ass, wat logescherweis méi Kaffi extraéiert gëtt. Dës Kontaktzäit kann ee mam Muelgrad regléieren. Besonnesch bei der French Press (Bodum) ass d’Kontaktzäit immens wichteg.

Wat mengt ee wann ee vu méi “staarkem” Kaffi schwätzt?

Déi meescht Léit denke bei staarkem Kaffi net un d’Stäerkt vum Kaffi mee un de Réischtgrad. Wann ee Kaffi méi hell geréischtert ass, schmaacht ee vill Goûte vun der Kaffisboun. Wann de Kaffi awer méi däischter geréischtert ass, schmaacht ee bal nëmmen d’Réischterung, resp. d’Verbrennung vun der Kaffisboun.

Wann een also staarke Kaffi wëll muss ee Kaffi huelen dee méi däischter geréischtert ass (Espresso Réischterung). Oder eng Kaffismëschnung mat Arabica a Robusta.

Ass et ze empfeelen däischtere Kaffi ze drénken?

Wéi bei allem ass dëst natierlech Affaire de Goût, allerdéngs fannen ech, dass duerch eng däischter Réischterung immens vill Aromae verluer ginn, an een amfong guer nët richteg weess wéi Kaffi eigentlech schmaacht. E schmaacht oft einfach verbrannt an et muss een dofir Zocker an/oder Mëllech dra maache fir dass en engem iwwerhaapt schmaacht.

Gudde Kaffi deen och nach hell geréischtert ass, huet vu sech aus eng gewësse Séisst an offréiert immens vill verschidde Goûte vu roude Friichten, iwwer Schockela bis hin zu Zitrusfriichten a Kraider.

Ech hoffen ech konnt mat dësem Artikel de Mythos vum “staarke” Kaffi zerstéieren, a recommandéieren iech all mol méi hell geréischterte Kaffi ouni Zocker oder Mëllech ze schmaachen. Schliisslech schëtt ee jo och kee Jus oder Zocker an e Wäi wann een deen degustéiert! 😉

Wanns du Froen iwwer Kaffi hues, kanns du mir hei an de Kommentare schreiwen oder einfach ee Message op Facebook schécken.

Bis geschwënn,

Patrice

Leave a Reply

Your email address will not be published. Required fields are marked *


The reCAPTCHA verification period has expired. Please reload the page.