Och wann mam Opkomme vu Vollautomaten a Kapselmaschinnen ëmmer manner Léit Filterkaffi drénken, heescht dat net dass gefilterte Kaffi schlecht muss sinn. A Wierklechkeet gëtt engem Filterkaffi d’Méiglechkeet de Kaffi a seng vill Goûte wierklech ze schmaachen an ee gesondheetleche Virdeel ass, dass de Cholesterol Wert am Filter Kaffi 40 (!) mol manner héich ass wéi am Espresso oder Café Crema. Filterkaffi ass déi Method déi ech perséinlech am léifste benotzen!

Maach däi Filter naass an de Kaffi schmaacht besser!

Huel dir e puer Sekonnen Zäit a maach de Kaffisfilter naass beviruns de de gemuelene Kaffi dra mëss. Dofir gëtt et direkt zwee Grënn déi dofir suergen dass deng Taass Kaffi nach besser schmaacht.

  1. kleng Pabeierspartikel ginn aus dem Filter erausgewäsch
  2. du wierms de Filter an de Behälter fir

 

Beim Transport reiwen d’Filteren an der Verpackung laanschteneen an doduerch hänken d’Filtere voll mat klenge Pabeierspartikelen. Wann een de Filter net auswäscht dann huet een de Goût vum Pabeier mat an der Taass Kaffi. 

Dat kanns du och einfach probéieren andeems de ee Filter hëls a Waasser duerchlafe léiss an dat Waasser duerno schmaachs. Huel der als Verglach ee Glas Waasser niewendrun!

Duerch d’Wierme vum Filter a vum Behälter, killt d’Waasser beim Bréien net esou schnell of. Doduerch kritt een eng méi gläichméisseg Extraktioun vum Kaffi. 

Ech hoffen, dass dir däi Filterkaffi elo nach besser schmaacht. 

Patrice

Leave a Reply

Your email address will not be published. Required fields are marked *


The reCAPTCHA verification period has expired. Please reload the page.