Den Ënnerscheed tëscht Filterkaffi a French Press

Bei der French Press schwätzt ee vu Full Immersion. Dat heescht, dass d’Waasser an der Kaffi zesummen an engem Behälter zéie gelooss gëtt. Am Géigesaz zum Filter, wou d’Waasser duerch de Kaffi leeft.

Den Haaptënnerscheed am Goût ass, dass ee beim Filter eng immens propper Taass Kaffi kritt, ouni vill Ueleger. Well bei der French Press kee Filter benotzt gëtt huet ee méi Ueleger an der Taass an et bléift ëmmer ee klenge Rescht Kaffissaatz an der Taass. Eng French Press ass méi voll am Goût an e bëssche méi schwéier ewei ee Filter.

Bei der French Press huet een och eng Variabel méi ewéi beim Filter, an zwar wéi laang een et zéie léisst. Wann een de Kaffi an d’Waasser ze laang zéie léisst, huet een eng Iwwerextraktioun (batter) bei ze kuerzer Kontaktzäit huet een eng Ennerextraktioun (sauer).

Ee Basisrezept fir French Press

Dat hei ass ee Basisrezept! Ech encouragéieren dech awer e bësschen ze experimentéiere fir erauszefanne wéi de Kaffi dir am Beschte schmaacht!

Mir benotze fir dat hei Rezept 30g graff gemuele Kaffi op 0.5 Liter Waasser,

Maach de Kaffi an d’French Press an iwwerschëtt en mat bal kachende Waasser. Looss dat ganzt elo 4 Minutten zéien.

Opgepasst! Wanns du méi réng gemuele Kaffi benotz, muss de d’Kontaktzäit verkierzen, well d’Waasser de Kaffi méi schnell absorbéiert. Am beschte Fall keefs de däi Kaffi an der Boun a muels e selwer frësch doheem.

Wann déi 4 Minutten em sinn, kanns de de Metallfilter erofdrécke bis just iwwer d’Waasseruewerfläch. Dréck de Filter net bis ganz erof. Domat kreéiert ee Wierbelen am Waasser an de Kaffi iwwerextraéiert schnell duerch d’Beweegung. Mir benotzen de Filter fir de Kaffissaatz opzefänken.

Elo kanns de de Kaffi an d’Taass fëllen. Am Beschte mëss de d’French Press direkt ganz eidel, well de Kaffi soss weider extraéiert. Déi nächst Taass gëtt dann also méi staark a vill méi batter. Wanns du de Rescht vum Kaffi waarm hale wëlls, mëss de en am Beschten an eng Thermoskaan.

An elo genéiss deng frësch gebréiten Taass Kaffi!

Wanns du Froen zur French Press oder aneren Zoubereedungsmethoden hues kanns du se einfach hei an d’Kommentare schreiwen oder mir um Facebook schreiwen!

Leave a Reply

Your email address will not be published. Required fields are marked *


The reCAPTCHA verification period has expired. Please reload the page.