Hëllef fir d'Kaffisproduzenten am Kongo - Krich am Kongo​

D’Rebellen M23 ënnerstëtzt duerch Ruanda, féiert aktuell Krich géint déi kongoleesesch Regierung! D’Regioun an där aktuell Krich herrscht ass genau do, wou mir de Kaffi hierkréien. De gros vun de Kaffisproduzenten ass an d’Staat geflücht an der Hoffnunf op méi Sécherheet. Allerdéngs ass d’Liewen an der Staat vill méi deier a wéi wann dat nach net genuch wier, hunn d’Banken och hier Dieren zougemaach an d’Mënschen hu keen Acces op hier Geld.

Ech spenden dohier 2€ fir all Kilo kongoleesesche Kaffi deen ech verkafen un d’Cooperative RAEK am Kongo. 

Een groussen Deel vun iech huet mir och direkt Spenden iwwerwisen a sou si mir aktuell op 558.47€ déi mir u RAEK geschéckt hu per Western Union! 

(Stand: 1. Abrëll 2025)

Beleeg Western Union Iwwerweisungen