Eng Farm – 4 Kaffien – Mooleh Manay – Indien

31.00111.00 + 2.50€ Versand

- +

Nächst Réischterung den 16. September, nächste Versand den 18. September!

Schmaach 4 verschidde Kaffien vun enger Farm!

Mat dësem Set vu 4 Kaffie vun der Mooleh Manay Farm geet et drëms dir mol ze weisen, dass souguer Kaffi deen op enger Farm ugebaut gëtt komplett ënnerschiddlech schmaache kann. Duerch engersäits aner Kaffiarten (Arabica & Robusta) mee och duerch ënnerschiddlech Verarbechtungsprozesser (Natierlech, Hunneg, alkoholesch Fermentatioun) loossen sech ganz verschidde Goûten aus dem Kaffi zéien. Enner dësen Erklärunge fënns du ee Videointerview deen ech mam Komal Sable gemaach hunn, wou hat eis alles iwwer Mooleh Manay, SICC an d’Kaffien erzielt. Kuck e bis zum Schluss, well et muss och nach “Gromperekichelchen” soen. 😉

Mooleh Manay

Nodeems d’Komal an den Akshay an England gelieft hunn, sinn si viru ronn 6 Joer zréck an Indie gaang an hunn dem Akshay senger Famill hier Farm iwwerholl, déi elo scho säit 5 Generatiounen an der Famill ass. Hier Zil mat der Farm war et ee Beispill ze gi fir eng funktionéierend Agroforestry Farm ze ginn an ze weise wat indesche Kaffi der Welt weise kann!

Agroforestry heescht, dass de Kaffi net einfach op enger Plantage ugebaut gëtt mee an engem Bësch mat villen anere Planzen an Déieren. Et geet drëms eng Balance tëscht Landwirtschaft an Natur ze schaffen a mat der Natur ze schaffen amplaz géint se.

Nieft Kaffi bauen d’Komal an den Akshay och nach schwaarze Peffer, Jackfruit, Bananen, Papaya an Orangen un, déi all tëscht 40 Zorte Jungelbeem wuessen.

Bei der Produktioun a bei der Veraarbechtung probéiert Mooleh Manay esou wéineg Waasser wéi méiglech ze benotzen dofir hunn si och kee gewäschene Kaffi. De Stroum fir hier Farm an hiert Haus produzéieren si mat Solaranlagen.

Déi 4 Kaffien

Arabica Natierlech: Mat Goûte vun Äerdbieren, Korinten a schwaarzem Téi ass dëse Kaffi eng richteg fruuchteg Affär. Arabica ass méi schwéier unzebauen an ze verschaffe wéi Robusta. E muss méi oft recoltéiert ginn a beim Dréchnen ass et immens wichteg, dass en e puer Mol den Dag gedréit gëtt, fir dass de Kaffi gläichméisseg dréchene kann. SCA Punkten 86 vun 100

Robusta Natierlech: Dëse Kaffi huet Goûte vu schwaarzem Schockela, wäissem Peffer a gedréchenten Aprikosen. Den natierleche Kaffi gëtt och all Dag gedréit an Nuets zougedeckt fir ze dréchenen. SCA Punkten 83.37  vun 100

Robusta Hunneg: Mat enger exzellenter séisser Nout vu Karamell an Zëmt, gëtt dëse Kaffi nach mat Noute vu schwaatzem Schockela a Mandelen ofgerënnt. Den “Hunneg” Kaffi gëtt an engem éischte Schrëtt vun der Fruucht getrennt an da mam pechege Schläim dee ronderëm d’Boun ass gedréchent. SCA Punkten 83.5 vun 100

Robusta Alkoholesch (Hief Fermentatioun): Immens séiss mat Goûte vu Mëllechschockela, Mandelen a Blobieren. D’Hief fir dëse Kaffi ze fermentéieren hunn d’Komal an den Akshay aus Drauwe selwer hiergestallt. SCA Punkten 84.75 vun 100

  • Farm: Mooleh Manay
  • Ugebaut zu: Nakur Shirangala, Karnataka, Indien
  • Altitude: 1000 m
  • Fair gehandelt

Interview mam Komal

SKU: N/A Category:

Produktbeschreiwung

De Kaffi gëtt geréischtert bei:

Patrice.Coffee

Sadler Patrice

5, montée du Château

L-6314 Beaufort

Méi Infoen

Quantitéit

4 x 125g, 4 x 250g, 4 x 1kg

Boun/gemuel

an der Boun/whole beans, gemuel fir Filter/ground for filter, gemuel fir/ground for Bodum/French Press, gemuel fir/ground for Espresso (Cafétière italienne Bialetti), gemuel fir/ground for Hario V60, gemuel fir/ground for Chemex

Reviews

There are no reviews yet.

Be the first to review “Eng Farm – 4 Kaffien – Mooleh Manay – Indien”

Your email address will not be published. Required fields are marked *


The reCAPTCHA verification period has expired. Please reload the page.