Produktbeschreiwung
De Kaffi gëtt geréischtert bei:
Patrice.Coffee
Sadler Patrice
5, montée du Château
L-6314 Beaufort
Ab €10.25
Dem Iveth säi Jong den Adrián, ass faszinéiert a begeeschtert vu méi spezielle Kaffiprozesser an huet eis dofir alkoholesch fermentéierte Kaffi präparéiert. Bei der alkoholescher Fermentatioun, gëtt de grénge Kaffi mat Hief an Zocker an ee Behälter mat Waasser gemaach, doduerch gëtt et alkoholesch, u sech en sou wéi och Wäin hiergestallt gëtt. Duerch des Fermentatioun, kritt de Kaffi dann nach nei Goûte vu gedréchente Friichten. Ee richteg spezielle Kaffi huet den Adrián eis hiergestallt an ech sinn iwwerzeegt, dass en dir schmaacht!
De Kaffi ass net alkoholesch!
Well des Fermentatioun, méi Arbecht an och méi Zäitopwand fir d’Muñoz Famill mat sech bréngt, kréie si pro Kilo ronn 2€ méi fir de Kaffi.
Op menger Rees a Kolumbien, hunn ech nieft der Argote Famill (déi de Kaffi aus Kolumbien exportéieren) och d’Muñoz Famill kennegeléiert. Dorenner war d’Iveth a säi Jong den Adrián!
E bësschen ausserhalb vum Duerf Génova, lieft d’Iveth mam Adrián a si hunn hei hier Farm déi ronn 1 Hektar grouss ass an aus ca 3500 Kaffisbeem besteet. D’Iveth ass eng Wittfra säit 20 Joer, mee wärend der Recolte kann hat op d’Hëllef vu sengen dräi Jongen zielen. Den Adrián ass immens interesséiert an enthusiastesch fir nei Prozesser ze probéiere wéi zum Beispill déi alkoholesch Fermentatioun vum Kaffi deens du esou bal déi nei Recolte do ass schmaache kanns! 🙂 D’Iveth exportéiert säi Kaffi elo säit 7 Joer mat Argote an huet an där Zäit och schonn ee Präis gewonnen als beschte Kaffi.
Mam extra Geld, dat d’Iveth verdéngt huet, duerch déi direkt Exportatioun mat Argote, huet hat sech Dréchebetter gebaut (fir de Kaffi ze dréchnen) an een Deel vu sengem Haus renovéiert.
Nieft der Kaffisproduktioun huet d’Iveth och nach ee klenge Buttek (tienda op Spuenesch) wou et Saache verkeeft déi d’Noperen am Alldag brauchen.
An un dëser Plaz sinn ech dann nach ganz frou dir ze soen, dass et de Kaffi vum Iveth Muñoz, op der ganzer Welt just bei mir ze kafe gëtt! Ech hu mat him ofgemaach, dass ech ab elo seng ganz Recolte all Joer akafen.
Merci un d’Iveth a seng Famill, fir äre super Kaffi!
De Kaffi gëtt geréischtert bei:
Patrice.Coffee
Sadler Patrice
5, montée du Château
L-6314 Beaufort
| Quantitéit | 250g, 1kg |
|---|---|
| Muelgrad | an der Boun/whole beans, gemuel fir Filter/ground for filter, gemuel fir/ground for Bodum/French Press, gemuel fir/ground for Espresso (Cafétière italienne Bialetti), gemuel fir/ground for Hario V60, gemuel fir/ground for Chemex |
Reviews
There are no reviews yet.