Méi Infoen
Quantitéit/Quantity | 100g, 400g |
---|
€5.00 – €15.00 + 2.50€ Versand
Cascara ass spuenesch fir d’Kaffisfruucht déi ronderëm d’Boun ass.
Meeschtens gëtt des Fruucht nëmmen an den Hierkonftslänner benotzt fir Téi ze maachen oder gëtt op de Kompost geschmass. Mee Cascara Téi ass eppes extrem Leckeres, wat vill ze Schued ass fir net ze benotzen.
Am Juni 2023 war ech a Kolumbien um Juan Pablo senger Farm. Nierft dem Plécken a wäsche vum Kaffi hunn ech awer och Cascara gedréchent a sortéiert. Mir hunn een Tasting gemaach a geschmaacht op de Cascara vun der Pink Bourbon Zort besser schmaacht wéi deen aneren Cascara. Mir waren eis eenz, dass e besser ass. Dat ass genau dee Cascara deen ech vun Hand sortéiert hunn. Deen Dag hunn ech mam Juan Pablo ausgemaach, dass ech de Pink Bourbon Cascara kafen an elo ass en endlech do!
Free dech also schonn op eng lecker Taass Cascara Téi, en erfrëschend Glas Cascara Limonade oder Coldbrew aus Génova!
Du kanns Cascara genau sou maache wéi eng Infusioun oder och bei waarme Wierder als leckere Cold Brew.
Fir den Téi brauchs du 7.5g Cascara an 200ml waarm Waasser. Dat Ganzt léisst de 5 Minutten zéien a schonn hues de ee wonnerbar fruuchtege Cascara Téi.
Fir d’Limonade brauchs du 50g Cascara an 1L kachend Waasser. Dat Ganzt léisst de 10 Minutten zéien a schëdds et dann oof. Elo just nach de Jus vun 3 Zitrounen a 50g Hunneg (oder Zocker) domat vermëschen. Oofkille loossen, Äis derbäi a scho kanns du des aussergewéinlech Limonad an der Sonn genéissen!
Fir de Coldbrew brauchs du 20g Cascara an 1L kaalt Waasser. Dann einfach 8 Stonnen an de Frigo a schonn hues de eng fruuchteg Cascara Erfrëschung.
Cascara Téi huet ca 25mg Koffein pro Taass, eng Taass Kaffi huet am Verglach ca 80mg Koffein!
Reviews
There are no reviews yet.