Produktbeschreiwung
De Kaffi gëtt geréischtert bei:
Patrice.Coffee
Sadler Patrice
5, montée du Château
L-6314 Beaufort
€48.50 – €641.00
Schenk Kaffi … all Mount!
Du wëlls net einfach eng Kéier eppes schenken, mee hues léiwer de Beschenkte kritt all Mount ee klenge Kaddo? Dann ass d’Chrëschtdag Abobox genau dat richtegt!
Wéi funktionéiert et?
Deen éischte Kaffi verschécken ech den 8. Januar! Ab Januar bis zu deem Zäitpunkt deens du gewielt hues, gëtt de Kaffi ëmmer an der Mëtt vum Mount verschéckt.
Bei denger Bestellung ginn 2.5€ Versand gerechent, deen hunn ech awer schonn aus dem Total rausgerechent, du bezils also net méi wéi néideg!
Bei 12 Méint gëtt et ee Mount gratis!
Wanns du deng Auswiel getraff hues, gesäis du ënne genau wéi de Präis zu stane kënnt.
Falls eppes net kloer ass, Froe sinn oder speziell Wënsch kanns du mir einfach iwwer Facebook oder per Mail schreiwen. 🙂
Du wëlls eng kleng perséinlech Note mat dengem Text an der Këscht? Da schreif den Text an d’Note vun denger Bestellung an ech schreiwen dat op d’Käertchen. 🙂
OPGEPASST: Wann den Abo un eng aner Persoun geschéckt gëtt, kanns du net an der selwechter Bestellung eppes fir dech oder eng aner Persoun bestellen. Dat ass eng technesch Aschränkung, well ech soss de Versand net eenzel rechne kann. Merci fir däi Versteesdemech!
De Kaffi gëtt geréischtert bei:
Patrice.Coffee
Sadler Patrice
5, montée du Château
L-6314 Beaufort
Kaffi | Hell geréischterte Kaffi (méi duuss), Däischter geréischtert (méi staark/Espresso) |
---|---|
Muelgrad | an der Boun, gemuel fir Filter, gemuel fir Bodum/French Press, gemuel fir Espresso (Cafétière italienne Bialetti), gemuel fir Hario V60, gemuel fir Chemex |
Quantitéit pro Mount | 500g, 1kg, 2kg |
Méint vum Abo | 3 Méint, 6 Méint, 12 Méint |
Reviews
There are no reviews yet.