Chrëschtkaffi – Uganda – Ajere

9.2531.00

- +

Nächst Réischterung den 20. Januar, nächste Versand den 22. Januar!

Et ass erëm sou wäit fir de limitéierte Chrëschtkaffi!

Wéi all Joer ass en och dëst Joer limitéiert, well ech net vill dovu kritt hunn!

Viru 5 Joer hunn ech mat menger Kaffisréischterei ugefaang. Deemools hat ech 4 verschidde Kaffien an ënner deene 4 war dëse Kaffi aus dem Uganda vun der Ajere Grupp! Déi vun iech déi schonn esou laang dobäi sinn erënneren sech warscheinlech nach ganz liicht un de Kaffi vun Ajere a fir déi vun iech déi nach net esou laang derbäi sinn, freeën ech mech iech dëse wonnerbare Kaffi präsentéieren ze kennen! Hei wat ech am September 2019 zu dësem Kaffi geschriwwen hunn:

Uganda ass u sech nët bekannt (oder nach net) fir richteg gudde Kaffi! Mee dese Kaffi huet mir d’Sprooch verschlo, et ass ee vun deene beschte Kaffien, déi ech bis elo geschmaacht hunn.

Mat senge Goûte vu Kakaopolver, Hieselnëss, Schwaarzbieren an Nougat ass de Kaffi immens gutt ausbalancéiert an huet eng angeneem Séisst a wéineg Saier.

D’lescht Joer hu mir zesummen, de Kaffisproduzenten zu Génova a Kolumbie gehollef, ee Cours iwwer biologesch Landwirtschaft ze finanzéieren. Well ech dat ee super Ofschloss fonnt hu vum Joer, wou ech an och dir méi direkt un d’Kaffisproduzenten eppes zréckginn hunn, wëll ech dat och dëst Joer erëm maachen.

Pro verkafene Kilo spenden ech 2€ un eight.world déi an Zesummenaarbecht mat mengem Importateur This Side Up, ee Projet fir ee bedéngungsloost Grondakommes fir Kaffisproduzenten am Uganda féieren. Dëse Projet erméiglecht et de Kaffiproduzenten, déi oft just ganz bëssche Kaffi produzéieren, mol duerchzeootmen an sech nei Akommesquellen opzebauen.

Am Dezember léiert dir nach méi iwwer dëse geniale Projet! Also stay tuned!

  • Produzenten: Ajere Grupp, kleng Familljebetriiber aus Zombo (85 verschidde Familljen)
  • Ugebaut am Zombo District, Uganda
  • Prozess: Gewäsch
  • Altitude: 1,590m
  • Goûten: Kakaopolver, Hieselnëss, Schwaarzbieren, Nougat
  • SCA Punkten (Skala bis 100): 85.66 Punkten (exzellent)
  • 100% Arabica
  • Vun Hand gepléckt
  • Fair gehandelt
  • limitéiert (ech hu just 2 Säck vum Kaffi)
SKU: N/A Categories: ,

Produktbeschreiwung

De Kaffi gëtt geréischtert bei:

Patrice.Coffee

Sadler Patrice

5, montée du Château

L-6314 Beaufort

Méi Infoen

Quantitéit

250g, 1kg

Muelgrad

an der Boun/whole beans, gemuel fir Filter/ground for filter, gemuel fir/ground for Bodum/French Press, gemuel fir/ground for Espresso (Cafétière italienne Bialetti), gemuel fir/ground for Hario V60, gemuel fir/ground for Chemex

Reviews

There are no reviews yet.

Be the first to review “Chrëschtkaffi – Uganda – Ajere”

Your email address will not be published. Required fields are marked *