De Staarken – Mëschung

Ab 8.50

- +

Nächst Réischterung den 17. August, nächste Versand den 19. August!

De Staarken ass déi éischt Kaffismëschung vu Patrice.Coffee!

Wéi de Numm et scho seet, ass dese Kaffi speziell fir déi Leit, déi gäre staarke Kaffi drénken mat enger schéiner Créma! En ass perfekt gëeegent fir an däi Vollautomat!

Dofir hunn ech zwee exzellent Kaffien ausgewielt. De Capricornio aus Brasilien ass d’Basis mat senge Goûte vu Schockela an Nëss. Fir déi schéi Créma an den extra Wumps suergt de Robusta vu Moohleh Manay aus Indien.

A ville Réischtereien ass eng Mëschung ee Betribsgeheimnis, mee ech sinn an deene Saache wéi gewinnt komplett transparent! D’Mëschung besteet aus 80% Capricornio Arabica an aus 20% Mooleh Manay Robusta.

De Kaffi ass ofgestëmmt fir een exzellenten Espresso aus dem Kaffi erauszehuelen an och fir Espresso baséiert Mëllechgedrénks, wéi Cappuccino oder Latté. Genau dat richteg fir d’Espressofans déi et gär richteg staark hunn!

  • Brasilien
  • Produzent: Capricornio
  • Ugebaut zu: Capricorn Regioun, Brasilien
  • Altitude: 450- 1200 m
  • SCA Punkten (Skala bis 100): 85 Punkten (exzellent)
  • Goûten: Schockela, Kakao, brongen Zocker
  • Varietéiten: Red Bourbon, Yellow Bourbon, Red Catuai, Yellow Catuai, Obatã, Topázio, Arara, Red Icatu
  • 100% Arabica
  • Prozess: Hunneg
  • wéineg Saier a Mo schounend
  • Fair gehandelt
  • Indien
  • Produzent: Mooleh Manay
  • Ugebaut zu: Nakur Shirangala, Karnataka, Indien
  • Altitude: 1000 m
  • SCA Punkten 84.75 vun 100
  • Fair gehandelt
  • Robusta
  • Prozess: Alkoholesch fermentéiert
  • wéineg Saier
  • Fair gehandelt

 

SKU: N/A Category:

Description

Transparenz

INDIEN

Wéivill ech fir de Kaffi bezuelen a wéivill dovun op der Farm ukënnt

1kg gréng Kaffisbounen kascht mech: 11,73€/kg

Dovu kritt de Produzent (SICC): 6,92€/kg

Dovu kritt den Exporter (SICC): 1,83€€/kg

D’Finanzéierung an d’Douanestaxen fir de Kaffi kaschten: 1,70€/kg

D’Verschëffe vum Kaffi: 0,26€/kg

Regenerative Premium : 0,06€/kg

Den Importateur (This Side Up) kritt: 1,22€/kg

Natierlech komme fir mech nach weider Käschten derbäi wéi d’Réischteren, de Gewiichtsverloscht vun de Bounen, d’Verpackung an de Versand, dem Elina seng Paie, de Loyer, CCSS, de Gas asw.

*An der Grafik huet This Side Up vergiess, de Präis fir d’Verschëffen anzedroen, um Site sinn déi Käschten awer opgefouert!

Klick hei fir nach méi Infos zum Präis an och zu SICC (Englesch).

BRASILIEN

Wéivill ech fir de Kaffi bezuelen a wéivill dovun op der Farm ukënnt

1kg gréng Kaffisbounen kascht mech: 7,94€/kg

Dovu kritt de Produzent : 4,33€/kg

Dovu kritt den Exporter (Capricornio): 1,11€/kg

D’Finanzéierung fir de Kaffi kascht: 0,41€/kg

D’Verschëffe vum Kaffi: 0,39€/kg

Regenerative Premium fir Capricornio a seng Memberen: 0,06€/kg

Den Importateur (This Side Up) kritt: 1,65€/kg

Natierlech komme fir mech nach weider Käschten derbäi wéi d’Réischteren, de Gewiichtsverloscht vun de Bounen, d’Verpackung an de Versand, dem Elina seng Paie, de Loyer, CCSS, de Gas asw.

Klick hei fir nach méi Infos zum Präis an och zu Capricornio (Englesch).

De Kaffi gëtt geréischtert bei:

Patrice.Coffee

Sadler Patrice

5, montée du Château

L-6314 Beaufort

Additional information

Quantitéit

250g, 1kg

Muelgrad

an der Boun/whole beans, gemuel fir Filter/ground for filter, gemuel fir/ground for Bodum/French Press, gemuel fir/ground for Espresso (Cafétière italienne Bialetti), gemuel fir/ground for Hario V60, gemuel fir/ground for Chemex

Reviews

There are no reviews yet.

Be the first to review “De Staarken – Mëschung”

Your email address will not be published. Required fields are marked *