Produktbeschreiwung
Hei ass den Trailer vu Crazy Money. Eng Doku iwwer dat éischt Duerf dat e Grondakommes vun Eight kritt huet. Déi ganz Doku kanns du dir hei léinen oder kafen!
E Grondakommes - Wat ass dat?
E bedéngungslost Grondakommes ass wéi den Numm et seet, een Akommes, dat un näischt gebonnen ass. Et muss een also net schaffe fir dat Gehalt ze kréien an et muss een och net wéi am Fall vun Aarbechtslosegeld op eng Adem goen a sech aschreiwen a Konditiounen erfëllen.
Bedéngungslos heescht et kritt een einfach all Mount Geld.
Déi éischt Gedanken déi ville Leit hei an eise Länner bei sou eppes an de Kapp komme sinn:
- Et muss ee fir säi Geld schaffen.
- Esou mécht ee Leit faul.
- Doduerch hu Mënsche kee Wellen eppes Eegenes opzebauen.
Allerdéngs vergiesse mir, an eise méi räiche Länner (gewollt?), dass an eisem System u sech ee Grondakommes agebaut ass. Mir all hunn eng Krankekeess a sinn doduerch gesondheetlech ofgeséchert, d’Pensiounskeess hält eis finanziell iwwer Waasser wa mir am Pensiounsalter sinn, Aarbechtslosegeld gräift eis ënner d’Äerm wa mir eis Aarbecht verléieren an all Kand kann an d’Schoul goen!
Mir hunn net dofir misse kämpfen, des Virdeeler ze hunn (zumindest bal keen deen haut nach lieft) a sinn einfach an dëse System gebuer an haten all déi Virdeeler vun Ufank un!
Dëst ass leider fir immens vill Mënschen op der Welt déi a méi aarme Länner liewen net de Fall. Si mussen Dag fir Dag kämpfe fir hier Grondbedierfnisser ze decken.
Dëst ass oft de Fall well hier Regierungen (gewollt oder ongewollt) net ubidden, des Grondbedierfnisser zu engem erschwéngleche Präis ze decken.
Leider ass dat och esou bei Kaffisproduzenten. This Side Up (mäi Kaffisimportateur) bitt Kaffisproduzenten méi Geld fir besser Qualitéit, mee oft ass et esou, dass d’Kaffisproduzenten am Iwwerliewensmodus sinn an sech et net erlabe kennen un enger besserer Kaffisqualitéit ze schaffen. Wéi och? Wann een sech all Dag froe muss wéi een Iessen op den Dësch stellt, d’Kanner an d’Schoul schéckt a wat ee mécht wann een an der Famill krank gëtt?
Mee wat wier wann…?
A wat géif elo geschéie wann een dëse Kaffisproduzenten mol e bëssche Plaz fir ze ootme gëtt, andeems een hinnen ee Grondakommes fir eng limitéiert Zäit gëtt? Net onendlech Geld, mee genuch fir hier Grondbedierfnisser ze decken!
Et géif de Produzenten Zäit ginn iwwer hier Zukunft nozedenken. Wellen se iwwerhaapt Kaffisproduzente sinn? Verschiddener villäicht net mee anere wëllen et just nach méi! Si sichen no Weeër méi iwwer den Ubau vu Kaffi ze léieren, investéiere Geld a Wëssen an hier Farmen a produzéieren esou bessere Kaffi, deen zu méi Geld féiert.
Dat ass d’Zil vum Projet mam bedéngungslose Grondakommes: Produzenten d’Chance ginn Entrepreneuren ze ginn an der Landwirtschaft, wann si dat wëllen!
Zesummen investéiere mir doran, dass et de Kaffisbaueren besser geet an dat féiert zu enger besserer Kaffisqualitéit. An esou kreéiere mir eng Opwärtsspiral:
Besser Qualitéit = Besser Präisser fir d’Baueren = Geld fir an nach besser Kaffisqualitéit ze investéieren = Nach besser Präisser fir d’Baueren
Dat hei ass keen Testprojet, mee ee wëssenschaftlech bewisene Modell!
D’Iddi vum bedéngungslose Grondakommes gëtt of staark kritiséiert. D’Argument ass ëmmer dat selwecht: Aarme Mënsche Geld gi funktionéiert net, si gi faul an ofhängeg vun deem Geld. An jo, richteg, dat kann de Fall fir puer Leit si mee de Gros vun de Beweiser deit drop hin, dass ee Grondakommes Liewen zum Bessere verännert. An eisem Fall, kënnen d’Baueren des Chance notzen sech of Professionalitéit ze fokusséieren – méi Leit astellen, besser Qualitéit produzéieren. Et erlaabt hinnen endlech d’Architekte vun hirem eegene Liewen ze sinn!
Zesumme mat Eight, enger ONG aus der Belge a mengem Kaffisimportateur This Side Up aus Holland ass d’Zil all de Kaffisbaueren déi mat Zombo zesummeschaffen ee Grondakommes fir 2 Joer ze garantéieren.
Een Erwuessene kritt da 16€ pro Mount an ee Kand kritt 8€ pro Mount (bezuelt un dem Kand seng Mamm). Dat Ganzt wéi gesot wärend engem Zäitraum vun 2 Joer. Dat Geld geet DIREKT u si, iwwer hier mobil Bezuelapp déi si hunn.
Fir de Rescht vum Dezember, leeën ech och nach 2€ pro verkafene Kilo Kaffi als Spend drop!
All d’Spende ginn zu 100% Eight iwwerwisen an et geet kee Geld verluer! Selbstverständlech verëffentlechen ech dee Beleeg, fir dass du do och d’Kontroll hues, dass ech dat gemaach hunn.
Perséinlech fannen ech dëse Projet genial an ech sinn am allgemenge fir ee bedéngungsloost Grondakommes fir all Mënsch, och hei bei eis.
Ech soen dir elo scho Merci fir deng Hëllef! 🙂
Patrice
Wanns du nach méi iwwer de Projet wësse wëlls kanns du hei den Artikel vun This Side Up liesen (englesch) an hei d’Websäit vun Eight duerchstöberen! 🙂
Reviews
There are no reviews yet.