Produktbeschreiwung
De Kaffi gëtt geréischtert bei:
Patrice.Coffee
Sadler Patrice
5, montée du Château
L-6314 Beaufort
€9.25 – €31.00
Deen éischte rénge Fraekaffi vun der RAEK COOP am Kongo ass elo endlech ze kréien! Dëse Kaffi ass eng Mëschung vun all de Kaffien déi vun den 110 Fraen an der RAEK Cooperative produzéiert gëtt. Mat Goûte vu Schockela, Karamell a schwaarzem Téi handelt et sech hei em ee wierklech exzellente Kaffi, deen ee muss geschmaacht hunn.
De Kaffi gëtt an de kongoleeseschen Dierfer Katana a Kavumu ugebaut.
RAEK gouf 1996 mat engem klorem Zil an d’Liewe geruff. D’Cooperative wollt eng ekonomesch Alternativ fir d’Bewunner vun dëser Regioun am Kongo schafen, déi duerch Gewalt an immens Aarmut gepräägt ass. D’Coop wollt, dass d’Leit genuch ze Iessen hunn an dass Fraen a Männer gläichgestallt sinn, an deems se ee Kaffiprojet start déi fir finanziell Stabilitéit suergt.
D’Situatioun am Süd Kivu ass alarméierend. Nieft historeschen territoriale Konflikter tëscht verschiddene Stämm, déi dozou gefouert hunn, dass vill Leit hir Heemecht hu misse verloossen, Familljen ausernee gerappt goufen a Frae vergewaltegt goufen, ass des Regioun awer och ëmmer erëm mat Naturkatastrophe geplot.
Aktuell herrscht an der Regioun Krich tëscht den M23 Rebellen déi géint déi kongoleesesch Regierung kämpfen. Doduerch sinn d’Kaffisproduzenten an d’Stied geflücht an der Hoffnung op méi Sécherheet. Am Duerf Katana si schonn ee Koup Leit dem aktuelle Krich zum Opfer gefall an embruecht ginn.
D’Banken an der ganzer Regioun hunn decidéiert, dass d’Leit hinnen egal sinn. Wat soll een och anescht vu Banken erwaarden? Si hunn all hir Filialen zou gemaach an d’Mënschen hu keen Accès méi zu hirem Geld. Ech hunn elo schonn, fir hinnen auszehëllefe Geld iwwer Western Union geschéckt, domat kënne si dofir suergen, dass si an hier Familljen alt e bëssche besser iwwer d’Ronne kommen an dëser schwiereger Zäit. Fir all Kilo deen ech vun dësem Kaffi verkafe schécken ech hinnen dann nach 2€ iwwer Western Union.
Hëllef also mat an deems du einfach ee Pak immens gudde Kaffi keefs!
De Kaffi gëtt geréischtert bei:
Patrice.Coffee
Sadler Patrice
5, montée du Château
L-6314 Beaufort
Quantitéit | 250g, 1kg |
---|---|
Muelgrad | an der Boun/whole beans, gemuel fir Filter/ground for filter, gemuel fir/ground for Bodum/French Press, gemuel fir/ground for Espresso (Cafétière italienne Bialetti), gemuel fir/ground for Hario V60, gemuel fir/ground for Chemex |
Reviews
There are no reviews yet.