Indien – Venkids Valley – Specialty Robusta

7.0027.00 inkl. MwSt.

Nächst Réischterung de 17. Januar, nächste Versand den 20. Januar.

No ganz laangem sichen, hunn ech endlech ee Robusta fonnt dee richteg gutt ass! Vill Robusta Kaffie schmaachen net ganz fein a gi meeschtens mat Goûte vu Kartong beschriwwen, awer dësen interessante Robusta aus Indien fruuchteg a sprëtzeg. En huet Goûte vun Nëss, dréchene Friichten a souguer wäissem Peffer! Eppes wierklech Besonnesches!

Och wa Robusta ee schlechten Numm huet, behaapt dëse Kaffi sech mat Liichtegkeet géint verschidden Arabica Kaffien!

De Kaffi kënnt vun der Venkids Valley Farm am Süde vun Indien. Op der Farm wuesse 40 verschidden Zorte Jungel Beem an de Kaffi wiisst ënner anerem tëscht Peffer, Kardamon, Orangen an Avocado am Schied.

Ech hoffen, dass du esou begeeschtert vun dësem Specialty Robusta bass ewéi ech!

  • Farm: Venkids Valley
  • Bauer: Pavan and Shilpa Nanjappa
  • Ugebaut zu: Kandankolli Village, Coorg, Karnataka, Indien
  • Altitude: 950m – 1.150m
  • SCA Punkten (Skala bis 100): 85.5 Punkten (exzellent)
  • Goûten: Nëss, dréche Friichten, wäisse Peffer
  • Varietéit: Congensis an Old Peredinia (Coffea canephora)
  • 100% Robusta
  • wéineg Saier a Mo schounend
  • Bëschkaffi
  • Keen Asaz vu Chemikalien
  • Vun Hand gepléckt
  • Fair gehandelt

 

Auswahl zurücksetzen
Artikelnummer: n. a. Kategorie:

Beschreibung

De Kaffi gëtt geréischtert bei:

Patrice.Coffee

Sadler Patrice

5, montée du Château

L-6314 Beaufort

Zusätzliche Information

Quantitéit

125g (Testpackung), 250g, 1kg

Boun/gemuel

an der Boun, gemuel fir Filter, gemuel fir Bodum/French Press, gemuel fir Espresso (Cafétière italienne Bialetti), gemuel fir Hario V60, gemuel fir Chemex

Bewertungen

Es gibt noch keine Bewertungen.

Schreibe die erste Bewertung für „Indien – Venkids Valley – Specialty Robusta“

Deine E-Mail-Adresse wird nicht veröffentlicht. Erforderliche Felder sind mit * markiert.