Indonesien – Toraja Parindingan

Ab 9.25

- +

Nächst Réischterung den 17. August, nächste Versand den 19. August!

Parindingan ass ee kléngen Zesummeschloss vu Kaffisbaueren, deen demokratesch funktionéiert. Sie encouragéieren Fraen Entreprisen ze grënnen, besser Edukatioun fir hier Jugend an Agroforestry, also Liewensmëttel am Bësch a mat der Natur unzebauen. Nodeems sie d’Nues voll haten vun enger grousser Cooperative, hu sie decidéiert onofhänngeg ze ginn. Mat Hëllef vun eisem Kolleeg dem Adri (Ontosoroh) hu sie de Wee an Europa mat hierem Kaffi fonnt. Haut ass ee grousst Zil vun Parindingan hier Produktioun ze diversifiéieren an sech sou méi Sécherheet opzebauen an net just vum Kaffi oofhängeg ze sinn.

De Kaffi vun Parindingan ass gewäsch. D’Kiischt gi gepléckt, wann se richteg zeideg sinn, dee selweschten Dag, ginn d’Bounen aus de Kiischte geholl ier se fir 14 Deeg a Waassertänk geluecht ginn a fermentéiere gelooss ginn. Da gëtt de Kaffi viru Reen geschützt gedréchent.

D’Resultat ass een angenehme Kaffi mat Goûte vun Orangen, Melounen a Mëllechschockela.

  • Co-op: Toraja Parindingan
  • Ugebaut zu: Sulawesi, Indonesien
  • Altitude: 1.200 – 1.500m
  • SCA Punkten (Skala bis 100): 83.75 Punkten
  • Goûten: Orangen, Melounen a Mëllechschockela
  • Varietéit: S795
  • 100% Arabica
  • Prozess: gewäsch
  • Vun Hand gepléckt
  • Fair gehandelt
SKU: N/A Category:

Description

Transparenz

Wéivill ech fir de Kaffi bezuelen a wéivill dovun op der Farm ukënnt

1kg gréng Kaffisbounen kascht mech: 11,95€/kg

Dovu kréien de Produzent*innen: 7,40€/kg

Dovu kritt den Exporter a Verarbechter (Ontosoroh): 1.35€/kg

D’Finanzéierung fir de Kaffi kascht: 0.67€/kg

D’Verschëffe an d’Douanestaxen vum Kaffi: 1,25€/kg

Regenerative Premium: 0,06€/kg

Den Importateur (This Side Up) kritt: 1,22€/kg

Klick hei fir nach méi Infos zum Präis an och zu de Produzent*innen (Englesch).

Natierlech komme fir mech nach weider Käschten derbäi wéi d’Réischteren, de Gewiichtsverloscht vun de Bounen, d’Verpackung an de Versand, dem Elina seng Paie, de Loyer, CCSS, de Gas asw.

De Kaffi gëtt geréischtert bei:

Patrice.Coffee

Sadler Patrice

5, montée du Château

L-6314 Beaufort

Additional information

Quantitéit

125g (Testpackung), 250g, 1kg

Muelgrad

an der Boun/whole beans, gemuel fir Filter/ground for filter, gemuel fir/ground for Bodum/French Press, gemuel fir/ground for Espresso (Cafétière italienne Bialetti), gemuel fir/ground for Hario V60, gemuel fir/ground for Chemex

Reviews

There are no reviews yet.

Be the first to review “Indonesien – Toraja Parindingan”

Your email address will not be published. Required fields are marked *