Beschreibung
De Kaffi gëtt geréischtert bei:
Patrice.Coffee
Sadler Patrice
5, montée du Château
L-6314 Beaufort
€9.50 – €30.00 inkl. MwSt.
De Kongo ass an der Specialty Kaffi Zeen immens ënnerschat. Nodeems ech awer dëse wonnerbaren an immens héichwäertegen (87.25 Punkte vun 100) Kaffi geschmaacht hunn, war mir kloer, dass ech ee klenge Schatz fonnt hunn deen ech iech net virenthale well!
De Kaffi gëtt am kongoleseschen Duerf Katana vu klenge Familljebetriber produzéiert. Weiderverschafft gëtt en vun der COOP RAEK, déi dofir suergt, dass d’Bauere fair Bezuelungen a fair Aarbechtskonditiounen hunn. Eng weider wichteg Aufgab déi RAEK sech zu Häerzen hëlt ass d’Reforestatioun an ausschliisslech biologeschen Dünger (si sinn BIO-zertifiéiert).
De Kaffi huet wonnerbar floral Nouten, ass liicht a fruuchteg. Fir déi déi ethiopesche Kaffi gären hunn (wéi ech selwer) ass dat hei eng super Alternativ! Déi ganz hell Réischterung bei dësem Kaffi hieft d’Goûte vun der natierlecher Boun besonnesch eraus.
De Kaffi gëtt geréischtert bei:
Patrice.Coffee
Sadler Patrice
5, montée du Château
L-6314 Beaufort
Quantitéit | 250g, 1kg |
---|---|
Boun/gemuel | an der Boun, gemuel fir Filter, gemuel fir Bodum/French Press, gemuel fir Espresso (Cafétière italienne Bialetti), gemuel fir Hario V60, gemuel fir Chemex |
Bewertungen
Es gibt noch keine Bewertungen.