Description
De Kaffi gëtt geréischtert bei:
Patrice.Coffee
Sadler Patrice
5, montée du Château
L-6314 Beaufort
Ab €9.50
Säit Joren schaffen ech elo scho mam Gloria a senger Farm Sakami déi zu Kitale a Kenia läit. Lescht Joer war ech selwer bei him an hu mir déi grouss Farm vun him selwer ugekuckt. Dem Gloria ass et immens wichteg esou ville Leit wéi méiglech duerch de Kaffi eng Arbecht kënnen ze ginn. D’Glora setzt sech och staark fir d’Fraen am Kaffi an, an hëlleft anere Produzentinnen bessere Kaffi ze produzéieren an esou och besser Präisser fir de Kaffi ze kréien.
Bedriwwe gëtt déi ëmweltfrëndlechst Kaffifarm a Kenia vum Gloria a sengem finnesche Mann Jarmo. Si benotzen de Prinzip vun der Permakultur a bedreiwen hir Mille komplett mat Solarenergie.
Wéi typesch fir kenianesche Kaffi, ass dem Gloria säi Kaffi immens fruuchteg a sprëtzeg. Perfekt fir déi Leit, déi mol gär eppes méi Spezielles probéieren wëllen.
De Kaffi gëtt geréischtert bei:
Patrice.Coffee
Sadler Patrice
5, montée du Château
L-6314 Beaufort
| Quantitéit | 250g, 1kg |
|---|---|
| Muelgrad | an der Boun/whole beans, gemuel fir Filter/ground for filter, gemuel fir/ground for Bodum/French Press, gemuel fir/ground for Espresso (Cafétière italienne Bialetti), gemuel fir/ground for Hario V60, gemuel fir/ground for Chemex |
Reviews
There are no reviews yet.