Kenia – Susan Mwihaki – Gewäsch

9.2531.00

- +

Nächst Réischterung den 10. Februar, nächste Versand den 12. Februar!

Dem Susan seng Geschicht

2015 ass dem Susan seng Mamm krank ginn an hat ass vun Nairobi zréck op senger Mamm hier Kaffifarm geplënnert fir sech em si ze këmmeren. Zu Nairobi huet d’Susan Medezin studéiert. Zréck zu Kitale, am Weste vu Kenia, huet d’Susan awer keng Aarbecht fonnt déi him gefall huet an huet decidéiert sech em d’Kaffisfarm ze këmmeren.

Wéi seng Mamm gestuerwen ass, huet d’Susan sech decidéiert d’Farm weiderzeféieren. Een zimmlech aussergewéinleche Liewenswee vun Doktesch zu Kaffisfarmerin.

D’Susan huet 2018 realiséiert, dass d’Farm immens wéineg Geld fir de Kaffi krut an sou huet fir hat eng Rees ugefaang esou vill iwwer Kaffi ze léiere wéi méiglech. Virun allem wéi een d’Qualitéit vum Kaffi eropsetzt.

Well dem Susan seng Famill awer hier Liewe laang Kaffi op eng gewëss Aart a Weis produzéiert huet, war et fir hat immens schwiereg sengem Papp seng Meenung ze änneren a méi modern Methoden ze applizéieren. Dofir huet d’Susan ee geheimt Experiment lancéiert, wéi säi Papp op Nairobi gaang ass. Hat huet op engem klengen Deel vun der Farm, Methoden ëmgesat déi et online fonnt huet an den Zyklus vun de Beem op deem Testareal verännert.

2020 huet säin Experiment Friichte gedro am wiertleche Sënn! D’Beem hu vill méi Kaffiskiischte produzéiert an d’Qualitéit vum Kaffi war vill besser. Vun deem Moment un huet säi Papp an och déi aner Kaffisproduzente ronderëm ugefaang hat a seng Methoden eescht ze huelen.

Haut kommen d’Nopeschfarmen (déi gréisstendeels vu Männer gefouert ginn) bei d’Susan mat Froen a wann se Hëllef brauchen.

Et huet eng Fra gebraucht fir den Zyklus ze veränneren!

De Kaffi

Dëse Kaffi vum Susan ass richteg fruuchteg mat Goûten déi ee bei Kaffi net erwaart! Fir déi Goûten ze erhalen ass de Kaffi hell geréischtert. En ass eng richteg Erfarung mee näischt fir Leit déi am léifste méi däischter geréischterten an traditionelle Kaffi drénken! Wanns du awer wéi ech op méi funky Kaffie stees, ass dem Susan säi Kaffi genau dat richtegt fir dech!

  • Farm: Samwa
  • Produzentin: Susan Mwihaki
  • Ugebaut zu: Kitale, Kenia
  • Altitude: 1800-2000m
  • SCA Punkten (Skala bis 100): 85.75 Punkten (exzellent)
  • Goûten: immens fruuchteg, Hammbier, schwaarzen Téi, duuss
  • Varietéiten: Ruiru 11, Batian, SL28 an aal Beem déi als Blue Mountain (wéi op Jamaika) identifizéiert gi sinn
  • 100% Arabica
  • Keen Asaz vu Chemikalien
  • Vun Hand gepléckt
  • Fair gehandelt

Hei geet et op dem Susan säin Instagram!

SKU: N/A Category:

Produktbeschreiwung

De Kaffi gëtt geréischtert bei:

Patrice.Coffee

Sadler Patrice

5, montée du Château

L-6314 Beaufort

Méi Infoen

Quantitéit

250g, 1kg

Muelgrad

an der Boun/whole beans, gemuel fir Filter/ground for filter, gemuel fir/ground for Bodum/French Press, gemuel fir/ground for Espresso (Cafétière italienne Bialetti), gemuel fir/ground for Hario V60, gemuel fir/ground for Chemex

Reviews

There are no reviews yet.

Be the first to review “Kenia – Susan Mwihaki – Gewäsch”

Your email address will not be published. Required fields are marked *