Produktbeschreiwung
De Kaffi gëtt geréischtert bei:
Patrice.Coffee
Sadler Patrice
5, montée du Château
L-6314 Beaufort
€9.25 – €31.00 inkl. MwSt.
Wat wier, wa mir eppes anescht mat eisem Kaffi maache géifen? Dat ass d’Fro déi de Juan Pablo sech gestallt huet, wéi säi Papp den Efraín grad d’Kaffisfarm vun der Famill verkafe wollt.
Wat wier, wann ech zréck op d’Farm plënnere géif? huet de Juan Pablo sech geduecht, deen zu där Zäit an der Staat gelieft huet.
Papp a Jong hunn ugefang hire Kaffi selwer ze “processen” also ze schielen an dréchnen an hunn de Kaffi selwer geréischtert a lokal verkaf.
2014 huet mäi Kolleeg de Lennart vun This Side Up de Juan Pablo kennegeléiert. Kleng Erklärung: De Lennart ass ee vun den 3 Grënner vun This Side Up, d’Importatiounsfirma zu Amsterdam mat där ech zesummeschaffen.
2 Joer méi spéit, hat d’Famill Argote hier eegen Exportlizenz, wat et hinnen erméiglecht direkt un This Side Up a quasi direkt u mech ze verkafen. An hunn och nach ugefang hire Kolleegen, der Muñoz Famill, ze hëllefen hire Kaffi ze processen an ze exportéieren.
Dernieft huet d’Argote Famill ugefang een “Barista Field Trip” unzebidden. Do komme Baristas a Kaffisenthousiasten aus der ganzer Welt zesummen a schaffe mat op der Argote Farm. Des super Erfarung wäert ech och dëst Joer materliewen, wann ech am Juni a Kolumbien reesen. 😀
D’Adiela ass 83 Joer al an dem Juan Pablo seng Tatta. Säit iwwer 30 Joer ass d’Adiele Wittfra an huet 3 Duechteren, dovu sinn 2 Léierinnen zu Génova an eng schafft zu Bogotá (Haaptstad vu Kolumbien). D’Adiela schafft vill a këmmert sech em d’Kaffisbeem, Plantanen, Hénger a d’Mëllechkéi.
Ech freeë mech schonn immens drop d’Adiela am Juni kennenzeléieren a Kaffi mat him ze drénken!
De Kaffi gëtt geréischtert bei:
Patrice.Coffee
Sadler Patrice
5, montée du Château
L-6314 Beaufort
Quantitéit | 250g, 1kg |
---|---|
Boun/gemuel | an der Boun/whole beans, gemuel fir Filter/ground for filter, gemuel fir/ground for Bodum/French Press, gemuel fir/ground for Espresso (Cafétière italienne Bialetti), gemuel fir/ground for Hario V60, gemuel fir/ground for Chemex |
Reviews
There are no reviews yet.