Kolumbien – Asoarhuaco – Arhuaco Vollek

7.0027.00 inkl. MwSt.

Aktuell net ze kréien, well ech onsécher sinn op ech es nach nokréien.

Dëse Kaffi kënnt vum Arhuaco Vollek, ee vu 4 indigene Vëlker aus der Sierra Nevade de Santa Marta a Kolumbien. Déi 3 aner Vëlker sinn d’Kogi, d’Wiwa an d’Kankuamo.

Zesummen hunn dës 4 indige Vëlker d’Sierra Nevade de Santa Marta geschenkt kritt fir dorop opzepassen, well si des Géigend als de Mëttelpunkt vun der Welt an dem Gläichgewiicht vun der Natur gesinn. Wärend dausende vu Joren hunn si friddlech zesummegelieft an hunn avancéiert Technologien an Architektur, Waasser, Goldschmiederei a Keramik entwéckelt.

An de leschten 500 Joer hunn d’Arhuaco (an déi aner Vëlker) sech misste vun der Küst an d’Biergregioun flüchten wéinst den Europäer déi komm sinn. An de 40er Joren, wéi d’Chrëschten ëmmer méi aggressiv bekéiert hunn, hu si nach méi wäit an d’Bierger misste flüchten a si krute verbueden hier Sprooch Iku ze schwätzen an hier traditionell Kleedung unzedoen. 

Säit de 70er Joren, ginn des Vëlker ëmmer erëm vu Guerilla Gruppen, paramilitäresche Gruppen, dem Staat an Drogebanden ugegraff. Des Kämpf entstinn duerch den Drogeschmuggel vu Cannabis a Kokain. 

Kaffi gouf vun de Kolonialstaate matbruecht a gouf a Kolumbien ugebaut. Duerch den Ubau a Verkaf vum Kaffi, verdéngen d’Arhuaco Geld, mat deem si sech Stéck fir Stéck hire Virfaren hier Land zeréckkafe vum Staat. 

Säit 2014 exportéiert Arhuaco Vollek zesummen ënner dem Numm Asoarhuaco hire Kaffi international.

Déi 4 Vëlker sinn déi grouss Bridder, déi d’Zesummenhäng an d’Zesummespill an der natierlecher Welt kennen a verstinn. Mir sinn déi kleng Bridder, déi sech deene Saachen net sou bewosst sinn, a wéinst eiser Onwëssenheet scho vill futti gemaach hunn. Déi grouss Bridder probéieren, dat natierlecht Gläichgewiicht ze erhalen an eis all esou ze erméiglechen op dëser Welt weiderhin ze liewen.

  • Ugebaut am Mëttelpunkt vun der Welt der Sierra Nevada de Santa Marta a Kolumbien
  • Altitude: 1000-1700m
  • Goûten: Schockela, Nëss, ganz liicht fruuchteg
  • Varietéit: Tipica, Caturra a Castillo
  • 100% Arabica
  • wéineg Saier a Mo schounend
  • Bëschkaffi
  • Ugebaut a gëernt vum Arhuaco Vollek
  • Keen Asaz vu Chemikalien si sinn bio-zertifiéiert
  • Vun Hand gepléckt
  • Fair gehandelt

Hei nach ee Video vum Arhuaco Vollek:

- +
SKU: N/A Category:

Produktbeschreiwung

De Kaffi gëtt geréischtert bei:

Patrice.Coffee

Sadler Patrice

5, montée du Château

L-6314 Beaufort

Méi Infoen

Quantitéit

250g, 1kg

Boun/gemuel

an der Boun, gemuel fir Filter, gemuel fir Bodum/French Press, gemuel fir Espresso (Cafétière italienne Bialetti), gemuel fir Hario V60, gemuel fir Chemex

Reviews

There are no reviews yet.

Be the first to review “Kolumbien – Asoarhuaco – Arhuaco Vollek”

Your email address will not be published. Required fields are marked *


The reCAPTCHA verification period has expired. Please reload the page.