Produktbeschreiwung
De Kaffi gëtt geréischtert bei:
Patrice.Coffee
Sadler Patrice
5, montée du Château
L-6314 Beaufort
Ab €8.91
Dem Iveth säi Jong den Adrián, ass faszinéiert a begeeschtert vu méi spezielle Kaffiszorten an huet lescht Joer fir d’éischt rengen Pink Bourbon recoltéiert. Hien huet mir ganz stolz per Whatsapp geschriwwen a mech gefrot op ech déi 2 éischt Säck och kafen! Natierlech hunn ech jo gesot, well den Deal ass, dass ech ALLES kafe wat hien a seng Mamm produzéieren.
De Pink Bourbon vum Iveth a vum Adrián huet Goûte vu Karamell a Schwarzbieren an ass ee richtege Genoss. Pink Bourbon ass um Marché eng richteg Raritéit a gëtt wierklech nëmme ganz wéineg produzéiert, virun allem well e méi ufälleg fir Krankheeten ass an och vill manner Kaffi produzéiert wéi aner Varietéiten.
Well Pink Bourbon manner produzéiert, méi Arbecht an och méi Zäitopwand fir d’Muñoz Famill mat sech bréngt, kréie si pro Kilo ronn 4€ méi fir de Kaffi.
Op menger Rees a Kolumbien, hunn ech nieft der Argote Famill (déi de Kaffi aus Kolumbien exportéieren) och d’Muñoz Famill kennegeléiert. Dorenner war d’Iveth a säi Jong den Adrián!
E bësschen ausserhalb vum Duerf Génova, lieft d’Iveth mam Adrián a si hunn hei hier Farm déi ronn 1 Hektar grouss ass an aus ca 3500 Kaffisbeem besteet. D’Iveth ass eng Wittfra säit 20 Joer, mee wärend der Recolte kann hat op d’Hëllef vu sengen dräi Jongen zielen. Den Adrián ass immens interesséiert an enthusiastesch fir nei Prozesser ze probéiere! D’Iveth exportéiert säi Kaffi elo säit 7 Joer mat Argote an huet an där Zäit och schonn ee Präis gewonnen als beschte Kaffi.
Mam extra Geld, dat d’Iveth verdéngt huet, duerch déi direkt Exportatioun mat Argote, huet hat sech Dréchebetter gebaut (fir de Kaffi ze dréchnen) an een Deel vu sengem Haus renovéiert.
Nieft der Kaffisproduktioun huet d’Iveth och nach ee klenge Buttek (tienda op Spuenesch) wou et Saache verkeeft déi d’Noperen am Alldag brauchen.
An un dëser Plaz sinn ech dann nach ganz frou dir ze soen, dass et de Kaffi vum Iveth Muñoz, op der ganzer Welt just bei mir ze kafe gëtt! Ech hu mat him ofgemaach, dass ech ab elo seng ganz Recolte all Joer akafen. Dëst Joer sinn dat 945kg!
Merci un d’Iveth a seng Famill, fir äre super Kaffi!
De Kaffi gëtt geréischtert bei:
Patrice.Coffee
Sadler Patrice
5, montée du Château
L-6314 Beaufort
| Quantitéit | 250g, 1kg |
|---|---|
| Muelgrad | an der Boun/whole beans, gemuel fir Filter/ground for filter, gemuel fir/ground for Bodum/French Press, gemuel fir/ground for Espresso (Cafétière italienne Bialetti), gemuel fir/ground for Hario V60, gemuel fir/ground for Chemex |
Reviews
There are no reviews yet.