Kolumbien – Jésus Cerón – Hunneg

9.2531.00 inkl. MwSt.

Nächst Réischterung de 4. Mäerz, nächste Versand den 6. Mäerz!

Jésus Cerón

Op menger Rees a Kolumbien, hunn ech nieft der Argote Famill (déi de Kaffi aus Kolumbien exportéieren) och de Jésus Cerón kennegeléiert.

E bësschen ausserhalb vum Duerf Génova, lieft de Jésus zesumme mat senger Fra, senger Mamm a sengem Brudder. Si hunn sech do zesumme mam Rescht vun der Famill ee klengt “Duerf” opgebaut. Jiddereen huet ee klengen Terrain mat sengem Haus drop stoen an dertëscht ass klenge Bësch an natierlech och hier Kaffisplantagen, deelweis och an de Bëscher.

Un engem vun de leschten Deeg vu menger Zäit zu Génova, war ech bei der Famill op Besuch an dem Jésus seng Mamm huet eis een “café con queso” gemaach. Jo du hues richteg gelies et war ee Kaffi mat Kéis dran. Dëst war jonke Kéis dee relativ salzeg war, et kann een sech e wéi schwaache Feta fierstellen. An zu mengem Erstaune war et net mol schlecht!

Nieft Kaffi huet d’Cerón Famill och Uebstbeem déi se ubauen a si ziichte Mierschwéngercher, eng Delikatess an där Regioun vu Kolumbien. Et schmaacht e bëssche wéi eng Mëschung tëscht Schwéngefleesch a Poulet.

De Jésus produzéiert virun allem natierleche Kaffi an “Hunneg” Kaffi.

Fir de Gros vu sengem Liewen huet de Jésus de Kaffi un d’FDC (Féderacion Nacional de Cafeteros) verkaf, bis en de Juan Pablo kennegeléiert huet, deen him erkläert huet, dass säi Kaffi exzeptionell gutt ass. De Grond dofir ass, dass de Jésus ganz suergfälteg a senger Kaffiproduktioun virgeet. De Jésus ass elo erëm gesond, nodeems hie viru puer Joer Kriibs hat a Chemotherapie huet misse maan.

Dëse Kaffi ass een Hunneg Kaffi, dat heescht d’Fruucht gëtt erofgeholl mee de pechege Schläim ronderëm d’Boun bléift dru fir en ze dréchnen. Doduerch entwéckelt de Kaffi aner Goûte wéi wann en zB gewäsch gëtt. D’Goûte vu Mëllechschockela, rouden Apel a Mango maachen dem Jésus säi Kaffi zu engem richtege Genoss.

  • Ugebaut zu: Colón Génova, Nariño, Kolumbien
  • Altitude: 1950-2000m
  • Goûten: Mëllechschockela, rouden Apel, Mango
  • SCA score: 85.75 vun 100 (exzellent) 
  • Prozess: Hunneg
  • 100% Arabica
  • Vun Hand gepléckt
  • Fair gehandelt
Interview mam Juan Pablo, deen dem Jésus säi Kaffi exportéiert

- +
SKU: N/A Category:

Produktbeschreiwung

De Kaffi gëtt geréischtert bei:

Patrice.Coffee

Sadler Patrice

5, montée du Château

L-6314 Beaufort

Méi Infoen

Quantitéit

250g, 1kg

Boun/gemuel

an der Boun/whole beans, gemuel fir Filter/ground for filter, gemuel fir/ground for Bodum/French Press, gemuel fir/ground for Espresso (Cafétière italienne Bialetti), gemuel fir/ground for Hario V60, gemuel fir/ground for Chemex

Reviews

There are no reviews yet.

Be the first to review “Kolumbien – Jésus Cerón – Hunneg”

Your email address will not be published. Required fields are marked *


The reCAPTCHA verification period has expired. Please reload the page.