Kolumbien – NASA Kaffi – AVIRAMA

7.0027.00 inkl. MwSt.

AKTUELL ASS KEE KAFFI AUS KOLUMBIEN ZE KRÉIEN! Ech probéieren fir d’nächst Woch een Ersatzkaffi aus Kolumbien ze hunn. Pardon fir d’Emstänn.

Avirama ass dat gréissten indigen Reservat vum Nasa Vollek a Kolumbien, dat vum legendären Häuptling Pilamu an d’Liewe geruff ginn ass. Dëse Kaffi ass eppes Besonnesches, well e kënnt vun der landwirtschaftlecher Schoul, an där d’Kanner vum Nasa Vollek dat léiere wat aner Kanner an der Schoul léiere mee och wéi ee Kaffi ubaut fir spéider den Elteren hier Kaffisfarm iwwerhuelen ze kënnen. Ouni dës Schoul, géif de Kaffiubau an dëser Regioun warscheinlech verluer goe, well d’Kanner all an d’Stied plënnere géifen.

Super gëeegent fir Espressosmaschinnen a Kaffisvollautomaten! Dëse Kaffi ass méi staark, also méi däischter geréischtert! Perfekt fir Léit déi gär Espresso drénken! 😉

  • Finca: Institución Educativa de Jóvenes Rurales de Tierradentro
  • Ugebaut zu: Resguardo de Avirama, Paez, Tierradentro, Colombia
  • Gréisst vun der Finca: 2,5 ha
  • Altitude: iwwer 1650m
  • Goûten: Hieselnoss, gebrannte Mandelen, Kakao, Apel
  • Varietéit: Caturra, Maria Colombia an Tabi (Kräizung tëscht Red Bourbon an Tipica)
  • 100% Arabica
  • wéineg Saier a Mo schounend
  • Bëschkaffi
  • Ugebaut a gëernt vum Nasa Vollek
  • Keen Asaz vu Chemikalien
  • Vun Hand gepléckt
  • Fair gehandelt
Auswahl zurücksetzen
Artikelnummer: n. a. Kategorie:

Beschreibung

De Kaffi ass vum Patrice Sadler geréischtert zu Pont-a-Mousson an der Réischterei:

Café Loren

89 Chemin Montrichard

54700 Pont-à-Mousson

Zusätzliche Information

Quantitéit

250g, 1kg

Boun/gemuel

an der Boun, gemuel fir Filter, gemuel fir Bodum/French Press, gemuel fir Espresso (Cafétière italienne Bialetti), gemuel fir Hario V60, gemuel fir Chemex

Bewertungen

Es gibt noch keine Bewertungen.

Schreibe die erste Bewertung für „Kolumbien – NASA Kaffi – AVIRAMA“

Deine E-Mail-Adresse wird nicht veröffentlicht. Erforderliche Felder sind mit * markiert.