Indien – Mooleh Manay – 100% Robusta

Ab 8.75

- +

Nächst Réischterung Méinden 26. Januar, nächste Versand Mëttwoch 28. Januar! 

De Kaffi

Bei dësem Kaffi handelt et sech ëm een 100% Robusta. Dat heescht de Kaffi ass staark am Goût an huet och méi Koffein wéi Arabica. En ass alkoholesch fermentéiert also mat Hief, esou wéi een och Wäin mécht, an huet eng séiss Nout vu Blobieren a Mëllechschockela. D’Hief fir dëse Kaffi ze fermentéieren hunn d’Komal an den Akshay aus Drauwe selwer hiergestallt.

Mooleh Manay

Nodeems d’Komal an den Akshay an England gelieft hunn, sinn si viru ronn 6 Joer zréck an Indie gaang an hunn dem Akshay senger Famill hier Farm iwwerholl, déi elo scho säit 5 Generatiounen an der Famill ass. Hier Zil mat der Farm war et ee Beispill ze gi fir eng funktionéierend Agroforestry Farm ze ginn an ze weise wat indesche Kaffi der Welt weise kann!

Agroforestry heescht, dass de Kaffi net einfach op enger Plantage ugebaut gëtt mee an engem Bësch mat villen anere Planzen an Déieren. Et geet drëms eng Balance tëscht Landwirtschaft an Natur ze schaffen a mat der Natur ze schaffen amplaz géint se.

Nieft Kaffi bauen d’Komal an den Akshay och nach schwaarze Peffer, Jackfruit, Bananen, Papaya an Orangen un, déi all tëscht 40 Zorte Jungelbeem wuessen.

Bei der Produktioun a bei der Veraarbechtung probéiert Mooleh Manay esou wéineg Waasser wéi méiglech ze benotzen dofir hunn si och kee gewäschene Kaffi. De Stroum fir hier Farm an hiert Haus produzéieren si mat Solaranlagen.

  • Farm: Mooleh Manay
  • Produzent*in: Komal Sable & Akshay Dashrath
  • Ugebaut zu: Nakur Shirangala, Karnataka, Indien
  • Altitude: 1000 m
  • Goûten: Blobieren a Mëllechschockela
  • Prozess: alkoholesch Fermentatioun
  • 100% Robusta
  • Vun Hand gepléckt
  • Fair gehandelt

Interview mam Komal

SKU: N/A Category:

Produktbeschreiwung

Transparenz

Wéivill ech fir de Kaffi bezuelen a wéivill dovun op der Farm ukënnt

1kg gréng Kaffisbounen kascht mech: 11,73€/kg

Dovu kritt de Produzent (SICC): 6,92€/kg

Dovu kritt den Exporter (SICC): 1,83€€/kg

D’Finanzéierung an d’Douanestaxen fir de Kaffi kaschten: 1,70€/kg

D’Verschëffe vum Kaffi: 0,26€/kg

Regenerative Premium fir Limmu Kossa a seng Memberen: 0,06€/kg

Den Importateur (This Side Up) kritt: 1,22€/kg

Natierlech komme fir mech nach weider Käschten derbäi wéi d’Réischteren, de Gewiichtsverloscht vun de Bounen, d’Verpackung an de Versand, dem Elina seng Paie, de Loyer, CCSS, de Gas asw.

*An der Grafik huet This Side Up vergiess, de Präis fir d’Verschëffen anzedroen, um Site sinn déi Käschten awer opgefouert!

Klick hei fir nach méi Infos zum Präis an och zu SICC (Englesch).

De Kaffi gëtt geréischtert bei:

Patrice.Coffee

Sadler Patrice

5, montée du Château

L-6314 Beaufort

Méi Infoen

Quantitéit

250g, 1kg

Muelgrad

an der Boun/whole beans, gemuel fir Filter/ground for filter, gemuel fir/ground for Bodum/French Press, gemuel fir/ground for Espresso (Cafétière italienne Bialetti), gemuel fir/ground for Hario V60, gemuel fir/ground for Chemex

Reviews

There are no reviews yet.

Be the first to review “Indien – Mooleh Manay – 100% Robusta”

Your email address will not be published. Required fields are marked *