Description
De Kaffi gëtt geréischtert bei:
Patrice.Coffee
Sadler Patrice
5, montée du Château
L-6314 Beaufort
Ab €9.75
De Rony Herrera ass ee Kaffisproduzent an 3. Generatioun an deen éischten aus der Famill dee sech komplett op Spezialitéiten Kaffi fokusséiert huet. Säit dem Alter vun 10 Joer huet de Rony mat op der Farm gehollef, wéi d’Farm nach Finca Fila Quemada geheescht huet, een Numm deen dorun erënnert, dass d’Farm eng Kéier ofgebrannt ass duerch onbekannte Grënn. Am Joer 2013 huet de Rony d’Farm iwwerholl an sech dorëms gekëmmert d’Qualitéit vum produzéierte Kaffi lues a lues besser ze maachen.
Dem Rony seng Farm läit an enger Géigend déi La Explosión genannt gëtt, ronn 17 Kilometer nördlech vun der Staat San Fernando, op enger Héischt vu 1.450 bis 1.630 m iwwer dem Mieresspigel. Op der Farm gëtt aktuell d’Varietéit Catuai ugebaut, mee fir d’Zukunft huet de Rony och geplangt Pink Bourbon a Geisha unzebauen.
D’Produktioun vu Spezialitéite Kaffi bréngt dem Rony eng immens Satisfaktioun a Freed, virun allem well hien déi direkt Relatioun mat de Kaffisréischterer schätzt, déi seng Arbecht wäertschätzen.
De Kaffi huet angenehm blummeg a fruuchteg Goûten an ass wierklech ee Genoss, fir Fans vu méi duusem Kaffi.
De Kaffi gëtt geréischtert bei:
Patrice.Coffee
Sadler Patrice
5, montée du Château
L-6314 Beaufort
| Quantitéit | 250g, 1kg |
|---|---|
| Muelgrad | an der Boun/whole beans, gemuel fir Filter/ground for filter, gemuel fir/ground for Bodum/French Press, gemuel fir/ground for Espresso (Cafétière italienne Bialetti), gemuel fir/ground for Hario V60, gemuel fir/ground for Chemex |
Reviews
There are no reviews yet.