Patrice.Coffee & Frënn

39.00

Ausverkaf

39€

AUSVERKAF! Hei kanns du dir den neie Kaffi vum Susan aus Kenia ukucken!

Versanddatum: 29. Januar

Konkurrenz ass fir Loser!

Am limitéierte Patrice.Coffee & Frënn Set kriss du 5 verschidde Kaffien (insgesamt 1.2kg) ze schmaachen. Nieft engem Pak Kaffi vun eis si se alleguer vu Réischterer a Réischterinnen, déi mir am Laf vun de Jore kennegeléiert hunn! Mir hunn si ugeschriwwen an d’Iddi huet hinnen all gefall. Doropshin hunn si eis dee Kaffi geschéckt, vun dem si denken dass en iech am beschte schmaacht – intressanterweis ass vill Ethiopien dobäi. De Kaffi ass an der Boun an gëtt och just an der Boun verkaf.

  • 250g Nicaragua vu Café Loren, Pont-à-Mousson (FR)
    De Loren hunn ech 2019 kennegeléiert, wéi ech just mat Réischteren ugefaang hunn. Vu 2019 bis 2020 hunn ech bei him an der Réischterei mäi Kaffi geréischtert.
    https://www.cafeloren.fr
  • 250g Ethiopien vu Café Winok, Bréissel (BE)
    Den Nicolas hu mir 2024 begéint, wéi mir mam Juan Pablo (Kaffisbauer aus Kolumbien) seng Réischterei besichtegt hunn. Hien huet och e klenge Café am Quartier Schaerbeek zu Bréissel mat richteg guddem Iesse wous du bestëmmt vum Winok, sengem Mupp, begréisst gëss. Huel ëm e Bonjour vun eis mat wanns du bis luusse gees! 😉
    https://winok.be/fr
  • 250g Ethiopien vu Ray & Jules, Louvain (BE)
    Och si hunn ech mam Juan Pablo besicht. An hirer Réischterei zu Louvain steet ee solarbedriwwene Réischterer, den si souguer selwer entwéckelt a gebaut hunn!
    https://ray-jules.com/en
  • 200g Ethiopien vu Kaffa Roastery, Aouste-sur-Sye (FR)
    Den Antoine hu mir zu Kopenhagen um Producer Crossover vun eisem Importateur This Side Up begéint. Mat him hu mir e gudden Deel vun eiser Vakanz do verbruecht well mir eis direkt immens gutt verstan hunn. Ganz besonnesch u senger Réischterei ass dass hien extrem vill Wäert op Nohaltegkeet leet.
    https://kaffa-roastery.com/
  • 250g Peru vu  Patrice.Coffee, Beefort (LU)
Category:

Reviews

There are no reviews yet.

Be the first to review “Patrice.Coffee & Frënn”

Your email address will not be published. Required fields are marked *