Pepperlina – Gewierzer Degustatiounsset Deluxe

Ab €79.00

- +

Du wëlls d’Gewierzer alleguer schmaachen? Da probéier den Degustatiounsset Deluxe!

De Paprika (edelséiss), de gereecherte Paprika, de schaarfen Chili an den extra schaarfen Chili kommen am Polver. Se gi vum Péter Szabó an Ungarn ugebaut, gedréchent a gemuel. Och d’Reechere mécht hie selwer. De Péter huet d’Handwierk vu sengem Papp a sengem Grousspapp geléiert a produzéiert aus Iwwerzeegung qualitativ héichwäertege Paprika an Chili op sengem Land.

De schwaarzen an de wäisse Peffer an och de Kanéil an de Kurkuma kommen aus Indonesien vun der Koop Agradaya. Si leeën zesumme mat hire Produzent*innen vill Wert op Nohaltegkeet. Esou implementéieren si zum Beispill Agroforstmethoden beim Ubau vun de Gewierzer. Selbstverständlech kënnt duerno en 100% natierleche Produit ouni Zousazstoffer dobäi eraus.

D’Neelcheskäpp  (am Ganzen) kommen aus dem Kongo. Si gi vum Elody Wema Naburafiki a senger Fraekooperativ (Coopérative des Productrices des Epices Wa Mama Congo Ni Tamu) ugebaut a gedréchent. Vue dass am Kongo grad erëm Krich ass, ass et mir eng grouss Freed dass ech hire Produit hei ka verkafen!

Du kriss den Degustatiounsset Deluxe an 9 Glieser (demnächst) oder a 9 Pabeierstiitecher.

SKU: N/A Category:

Description

All 9 Pepperlinagewierzer probéieren:

Paprikapolver edelséiss (60g oder 80g) – Ungarn
Paprikapolver liicht gereechert (60g oder 80g) – Ungarn
Chilipolver schaarf (60g oder 80g) – Ungarn
Chilipolver extra schaarf (60g oder 80g) – Ungarn

schwaarze Peffer (ganz, 80g oder 100g) – Indonesien
wäisse Peffer (ganz, 80g oder 100g) – Indonesien
Kanéilpolver (60g oder 80g) – Indonesien
Kurkumapolver (60g oder 80g) – Indonesien

Neelcheskäpp (ganz, 50g oder 60g) – Demokratesch Republik Kongo

9x am grousse Glas (demnächst) oder 9x an der Pabeierstiitchen

Importéiert an ofgefëllt vun:

Pepperlina – Elina Zepp

1, rue Kummel

6310 Beaufort

Additional information

Quantitéit

9 Glieser / 9 glass jars, 9 Tiitecher / 9 paper bags

Reviews

There are no reviews yet.

Be the first to review “Pepperlina – Gewierzer Degustatiounsset Deluxe”

Your email address will not be published. Required fields are marked *