Description
Kanéil – Indonesien
60g am grousse Glas (demnächst) oder 80g an der Tiitchen
Importéiert an ofgefëllt vun:
Pepperlina – Elina Zepp
1, rue Kummel
6310 Beaufort
Ab €7.50
Dëse Kanéil kënnt aus Indonesien, méi genau vu Sumatra. En ass schounend solargedréchent, natierlech awer ouni direkt der Sonn ausgesat ze sinn. Doduerch erhält e seng Aromen a Wierkstoffer an et gëtt keng Energie verschwend.
Kanéil gëtt aus der Schuel vun de Kanéilbeem gemaach. Dës gëtt esou dënn wéi méiglech vum Bam geschielt an dann d’Stécker openee geluecht. Déi rulle sech dann zesummen, esou dass dat e bësse wéi eng Zigar ausgesäit. Sou kann dat Ganzt dann a Rou dréchne fir duerno gemuel ze ginn.
Kanéil gëtt fir eng ganz Rëtsch Rezepter benotzt: dat geet vum Baken, iwwer Glühwäin bis hin zu méi deftege Molzechten. Et fënnt een de Kanéil och ganz vill an der asiatescher Kichen.
Dir kritt en am Glas (60g) (demnächst) an an der Tiitchen (80g).
Exportéiert gëtt e vun der Koop Agradaya, déi zesumme mat hire Produzent*innen vill Wert op Nohaltegkeet leeën. Esou implementéieren si zum Beispill Agroforstmethoden beim Ubau vun de Gewierzer. Selbstverständlech kënnt duerno en 100% natierleche Produit ouni Zousazstoffer dobäi eraus.
Kanéil – Indonesien
60g am grousse Glas (demnächst) oder 80g an der Tiitchen
Importéiert an ofgefëllt vun:
Pepperlina – Elina Zepp
1, rue Kummel
6310 Beaufort
| Weight | N/A |
|---|---|
| Quantitéit | 60g (Glas/glass jar), 80g (Tiitchen/paper bag) |
Reviews
There are no reviews yet.