Pepperlina – Kurkuma

Ab €8.00

- +

Dëse Kurkumapolver kënnt aus Indonesien. En ass schounend solargedréchent, natierlech awer ouni direkt der Sonn ausgesat ze sinn. Doduerch erhält e seng Aromen a Wierkstoffer an et gëtt keng Energie verschwend.

Kurkuma ass ganz enk verwandt mam Ingwer an d’Planz gesäit och ähnlech aus. D’Gewierz Kurkuma wat mir hei kenne gëtt aus der gedréchenter, giel-oranger Wuerzel gewonn.

De Kurkuma ass e feste Bestanddeel vu Currymëschungen a Masala an e gëtt als Téi oder “gëlle Mëllech” gedronk. De Curcumin an dësem Gewierz fërdert d’Verdauung, z.B. wann een zevill giess huet. Ausserdem kann ee mat Kurkuma och gutt fierwen: ob Deeg, Dips oder Räis – passt awer gutt op är Kleeder op, well déi fierwt en och 😉 

Dir kritt en am Glas (60g) (demnächst) an an der Tiitchen (80g).

Exportéiert gëtt e vun der Koop Agradaya, déi zesumme mat hire Produzent*innen vill Wert op Nohaltegkeet leeën. Esou implementéieren si zum Beispill Agroforstmethoden beim Ubau vun de Gewierzer. Selbstverständlech kënnt duerno en 100% natierleche Produit ouni Zousazstoffer dobäi eraus.

SKU: N/A Category:

Description

Kurkuma – Indonesien
60g am grousse Glas (demnächst) oder 80g an der Tiitchen

Importéiert an ofgefëllt vun:

Pepperlina – Elina Zepp

1, rue Kummel

6310 Beaufort

Additional information

Weight N/A
Quantitéit

60g (Glas/glass jar), 80g (Tiitchen/paper bag)

Reviews

There are no reviews yet.

Be the first to review “Pepperlina – Kurkuma”

Your email address will not be published. Required fields are marked *