Description
Neelcheskäpp – Demokratesch Republik Kongo
50g am grousse Glas oder 60g an der Tiitchen
Importéiert an ofgefëllt vun:
Pepperlina – Elina Zepp
1, rue Kummel
6310 Beaufort
Ab €9.50
Dës Neelcheskäpp kommen aus der Demokratescher Republik Kongo vun der Insel Idjiwi. Se gi vum Elody Wema Naburafiki a senger Fraekooperativ (Coopérative des Productrices des Epices Wa Mama Congo Ni Tamu) ugebaut a gedréchent. Niewt Neelcheskäpp produzéiere si och nach eng ganz Rëtsch aner Saache, wéi zB Kaffi, schwaarzen a wäisse Peffer, Ingwer a Muskatnëss.
Neelcheskäpp sinn déi gedrëchent Knospe vun Neelcheskappbam. Se si wierzeg a schaarf am Gout a ginn dofir spuersam benotzt. Se si ganz villfälteg asetzbar: an Zoosen, fir Kabes, am Liefkuch oder och fir Punch a Glühwäin. Neelcheskäpp sinn iwwregends och an dene meeschte Currypolver mat dran.
Du kriss se am Glas (50g) an an der Tiitchen (60g) aus 100% Pabeier.
Neelcheskäpp – Demokratesch Republik Kongo
50g am grousse Glas oder 60g an der Tiitchen
Importéiert an ofgefëllt vun:
Pepperlina – Elina Zepp
1, rue Kummel
6310 Beaufort
| Weight | N/A |
|---|---|
| Quantitéit | 50g (Glas/glass jar), 60g (Tiitchen/paper bag) |
Reviews
There are no reviews yet.