Description
schwaarze Peffer (ganz) – Indonesien
80g am grousse Glas (demnächst) oder 100g an der Tiitchen
Importéiert an ofgefëllt vun:
Pepperlina – Elina Zepp
1, rue Kummel
6310 Beaufort
Ab €8.50
Peffer dierf a kenger Kiche feelen!
Dëse schwaarze Peffer kënnt aus Indonesien. En ass schounend solargedréchent, natierlech awer ouni direkt der Sonn ausgesat ze sinn. Doduerch erhält e seng Aromen a Wierkstoffer an et gëtt keng Energie verschwend.
De schwaarze Peffer ass d’Fruucht vun der Kloterplanz mam selwechten Numm. E gëtt gesammelt just ier d’Fruucht zeideg ass an duerno mat der Schuel gedréchent. Schwaarze Peffer huet en intensive Gout an ass och e bësse méi schaarf wéi dee wäisse Peffer .
Dir kritt en am Glas (80g) (demnächst) an an der Tiitchen (100g).
Hei kritt dir dee méi duusse wäisse Peffer vun der selwechter Kooperativ.
Exportéiert gëtt e vun der Koop Agradaya, déi zesumme mat hire Produzent*innen vill Wert op Nohaltegkeet leeën. Esou implementéieren si zum Beispill Agroforstmethoden beim Ubau vun de Gewierzer. Selbstverständlech kënnt duerno en 100% natierleche Produit ouni Zousazstoffer dobäi eraus.
schwaarze Peffer (ganz) – Indonesien
80g am grousse Glas (demnächst) oder 100g an der Tiitchen
Importéiert an ofgefëllt vun:
Pepperlina – Elina Zepp
1, rue Kummel
6310 Beaufort
| Weight | N/A |
|---|---|
| Quantitéit | 80g (Glas/glass jar), 100g (Tiitchen/paper bag) |
Reviews
There are no reviews yet.