Description
wäisse Peffer (ganz) – Indonesien
80g am grousse Glas (demnächst) oder 100g an der Tiitchen
Importéiert an ofgefëllt vun:
Pepperlina – Elina Zepp
1, rue Kummel
6310 Beaufort
Ab €9.50
Dëse wäisse Peffer aus Indonesien ass schounend solargedréchent, natierlech awer ouni direkt der Sonn ausgesat ze sinn. Doduerch erhält e seng Aromen a Wierkstoffer an et gëtt keng Energie verschwend.
Wäisse Peffer ass de Kär vun der Pefferfruucht. E gëtt gepléckt wann en zeideg ass, a Waasser ageweecht (fir ze fermentéieren) an da gëtt viirum Dréchnen di baussegt Schuel erofgeholl. Wäisse Peffer huet e bësse méi en duussen, äerdege Gout an ass och manner schaarf wéi de schwaarze Peffer.
Dir kritt en am Glas (80g) (demnächst) an an der Tiitchen (100g).
Hei kritt dir dee méi schaarfe, schwaarze Peffer vun der selwechter Kooperativ.
Exportéiert gëtt e vun der Koop Agradaya, déi zesumme mat hire Produzent*innen vill Wert op Nohaltegkeet leeën. Esou implementéieren si zum Beispill Agroforstmethoden beim Ubau vun de Gewierzer. Selbstverständlech kënnt duerno en 100% natierleche Produit ouni Zousazstoffer dobäi eraus.
wäisse Peffer (ganz) – Indonesien
80g am grousse Glas (demnächst) oder 100g an der Tiitchen
Importéiert an ofgefëllt vun:
Pepperlina – Elina Zepp
1, rue Kummel
6310 Beaufort
| Weight | N/A |
|---|---|
| Quantitéit | 80g (Glas/glass jar), 100g (Tiitchen/paper bag) |
Reviews
There are no reviews yet.