Peru – Churupampa – Limitéiert Editioun

9.0029.00 inkl. MwSt.

Dëse limitéierte Kaffi kennt aus Chirinos an den Anden am Peru. Peru mat senge ville Bierger ass eent vun deene beschte Länner fir immens héichwäertege Specialty Kaffi ze produzéieren.

Churupampa ass eng Kaffisfarm mat engem soziale Business Modell. Amplaz nëmmen no sech ze kucken, hëlleft Tocto Famill och méi wéi 30 anere Baueren an der Emgéigend hire Kaffi besser ze maachen, en ze vermarkten an ze verschëffen.

Churupampa ass BIO zertifiéiert a wéi ëmmer kréien si méi ewéi dat duebelt vum Fairtrade Minimumpräis bezuelt, fir dass si wierklech fair bezuelt ginn! Churupampa produzéiert hiren eegene Kompost, fir de Planzen alles ze gi wat se brauchen.

An dësem Video hëlt den Eswin Tocto dech mat op seng Finca:

 

Dëse Kaffi huet Goûte vu Schockela an ass nossëg, mat enger ganz liichter an angeneemer Nout vu Friichten. En ass besonnesch gëeegent fir d’Fans vu méi traditionellem Kaffi. Wann dir also de Kolumbianesche Kaffi schmaacht, ass dat hei genau dat richtegt fir dech 🙂

Richteg gutt als Filter, French Press, Espresso an am Vollautomat, ee richtegen Allrounder!

Limitéiert Editioun?

Wéi ech dëse Kaffi bestallt hu war nëmmen nach 1 Sak vu ca. 69 kg ze kréien. Dofir kann ech net méi wéi déi 69 kg ubidden! Déi nächst Recolte misst Enn des Joers ukommen a fir dann, bestellen ech definitiv méi Kaffi vir 😉

  • Finca: Churupampa
  • Ugebaut zu: Chirinos,San Ignacio – Cajamarca, Peru
  • Altitude: 1600 – 1900 m
  • Goûten: Äerdnoss, Schockela, liicht fruchteg
  • Varietéiten: Typica, Caturra a Pache
  • 100% Arabica
  • wéineg Saier a Mo schounend
  • Keen Asaz vu Chemikalien (Churupampa ass BIO-zertifiéiert)
  • Vun Hand gepléckt
  • Fair gehandelt
  • Limitéiert: ech konnt leider nëmmen 69kg vun dësem Kaffi kafen a fir dëst Joer ass en ausverkaf. Dohier ass dëse Kaffi nëmme soulaang do wéi es nach op Stock ass.
Auswahl zurücksetzen
Artikelnummer: n.a. Kategorie:

Beschreibung

De Kaffi ass vum Patrice Sadler geréischtert zu Pont-a-Mousson an der Réischterei:

Café Loren

89 Chemin Montrichard

54700 Pont-à-Mousson

Zusätzliche Information

Quantitéit

250g, 1kg

Boun/gemuel

an der Boun, gemuel fir Filter, gemuel fir Bodum/French Press, gemuel fir Espresso (Cafétière italienne Bialetti), gemuel fir Hario V60, gemuel fir Chemex

Bewertungen

Es gibt noch keine Bewertungen.

Schreibe die erste Bewertung für „Peru – Churupampa – Limitéiert Editioun“

Deine E-Mail-Adresse wird nicht veröffentlicht. Erforderliche Felder sind mit * markiert.