Peru – Herrera Culqui Famill – Limitéiert Editioun

9.0029.00 inkl. MwSt.

Aus dem Amazonas Departement am Norde vum Peru, kënnt dësen limitéierte Kaffi. Mat sengen angeneemen an dezenten Goûte vun Äerdnoss, Schockela, Karamell a Rouseblieder huet dëse Kaffi mech direkt iwwerzeegt an ech wollt dëse Pleséier mat iech deelen!  D’Famill Herrera Culqui produzéiert immens angeneeme Kaffi mat ganz wéineg Saier. 

Peru ass ee vun de Südamerikanesche Länner dat manner Kaffi produzéiert. Well d’Transportweeër immens schwiereg a laang sinn, gëtt et manner Kaffisbaueren am Peru wéi an anere Länner (Kolumbien, Brasilien etc.). Dofir si peruanesch Kaffien och vill méi seelen um Marché ze kréien.

Dëse Kaffi ass besonnesch gëeegent fir d’Fans vu méi traditionellem Kaffi. Wann dir also de Kolumbianesche Kaffi schmaacht, ass dat hei genau dat richtegt fir dech 🙂

Richteg gutt als Filter, French Press an Espresso, ee richtegen Allrounder!

Limitéiert Editioun?

Wéi ech dëse Kaffi bestallt hu war nëmmen nach 1 Sak vu ca. 70 kg ze kréien. Dofir kann ech net méi wéi déi 70 kg ubidden!

  • Bauer: Famill Herrera Culqui
  • Co-op: JUMARP
  • Ugebaut zu: El Palto – Yamón District – Utcubamba – Amazonas – am Norde vu Peru
  • Altitude: 1750 – 1850
  • Goûten: Äerdnoss, Schockela, Karamell a Rouseblieder
  • Varietéiten: Caturra / Bourbon / Mondo Novo / Typica
  • 100% Arabica
  • wéineg Saier a Mo schounend
  • Keen Asaz vu Chemikalien (D’Famill Herrera ass BIO-zertifiéiert)
  • Vun Hand gepléckt
  • Fair gehandelt
  • Limitéiert: ech konnt leider nëmme 70kg vun dësem Kaffi kafen a fir dëst Joer ass en ausverkaf. Dohir ass dëse Kaffi nëmme soulaang do wéi es nach op Stock ass.

- +
SKU: N/A Category:

Produktbeschreiwung

De Kaffi ass vum Patrice Sadler geréischtert zu Pont-a-Mousson an der Réischterei:

Café Loren

89 Chemin Montrichard

54700 Pont-à-Mousson

Méi Infoen

Quantitéit

250g, 1kg

Boun/gemuel

an der Boun, gemuel fir Filter, gemuel fir Bodum/French Press, gemuel fir Espresso (Cafétière italienne Bialetti), gemuel fir Hario V60, gemuel fir Chemex

Reviews

There are no reviews yet.

Be the first to review “Peru – Herrera Culqui Famill – Limitéiert Editioun”

Your email address will not be published. Required fields are marked *


The reCAPTCHA verification period has expired. Please reload the page.