Réischtercours Kaddo

120.00

- +

Verschenk ee Réischtercours bei mir an der Réischterei.

Op mengen 3 Kaffisréischteren, ka jidderee sech bei mir am Réischtercours austoben. 🙂 An natierlech kann all Participant och de Kaffi deen e geréischtert huet mat heem huelen! 🙂

Dat Ganz organiséieren ech 2 Mol nächst Joer: De 17. Mee an den 28. Juni

Du kanns uewen auswiele wéieen Datum am Beschte passt a wéi eng Kaart ech dir als PDF schécke soll. Du kanns déi da rausdrucke fir enner de Beemchen.

De Réischtercours geet vun 9 – 13 Auer. No enger klenger Aféierung an d’Welt vum Kaffi a vum Réischteren, fänke mir dann un ze réischteren. Als Ofschloss cuppe mir dann nach ee Kaffi deen op 3 Aart a Weise geréischtert ginn ass, fir dass een sech ee Bild dovu maache kann, wéi ënnerschiddlech Kaffi schmaache kann, wann e just anescht geréischtert gouf.

De perfekte Kaddo fir Leit, déi mol léiere wëlle wéi Kaffi geréischtert gëtt

D’Plaze sinn op 6 Persoune pro Datum limitéiert. Deen éischten ass fir!

Selbstverständlech muss de de Réischtercours net verschenken a kanns dir en och fir dech selwer buchen! 😉

SKU: N/A Category:

Méi Infoen

Datum

17. Mee 2025, 28. Juni 2025

Design vun der Kaart PDF

Make Coffee Not War, More Espresso Less Depresso

Reviews

There are no reviews yet.

Be the first to review “Réischtercours Kaddo”

Your email address will not be published. Required fields are marked *