Kenia – Sakami – Natierlech

9.5031.00 inkl. MwSt.

Ausverkaf!

Kenianesche Kaffi ass ee schwieregt Thema, well et ee vun deenen deierste Kaffilänner ass awer de Gros vun deem Geld geet un een immens korrupte staatlechen Auktiounssystem an d’Bauere gesi vun deem ville Geld quasi guer näischt.

Dëst Joer huet awer Stean’s Beans (ee Kenianer deen an Holland lieft) eng Exportlizenz fir kenianesche Kaffi kritt. Säin Zil ass et de Baueren den direkten Handel mat de Kaffiréischter ze erméiglechen an och sou eng fair Bezuelung ze sécheren.  Mat dëser Lizenz ass et elo méiglech d’Auktiounen an d’Zwëschenhändler komplett ze ëmgoen.

Fir dës éischt Exportatioun ass Sakami Coffee ausgewielt ginn. Bedriwwe gëtt déi ëmweltfrëndlechst Kaffifarm a Kenia vum Gloria a sengem finnesche Mann Jarmo. Si benotzen de Prinzip vun der Permakultur a bedreiwen hir Mille komplett mat Solarenergie. Des weideren hëllefen si hiren Noperen, besser Verkafspräisser fir hire Kaffi ze erzilen a bessere Kaffi hierzestellen.

  • Finca: Sakami
  • Besëtzer: Gloria a Jarmo Gummerus
  • Ugebaut zu: Nabiswa, Trans-Nzoia County, Kenia
  • Altitude: 1800m
  • SCA Punkten (Skala bis 100): 85.5 Punkten (exzellent)
  • Goûten: immens fruuchteg, Äerdbier, Zitroun, Mëllechschockla, immens duuss
  • Varietéit: SL28, Ruiru 11, Batian a K7
  • 100% Arabica
  • Keen Asaz vu Chemikalien
  • Vun Hand gepléckt
  • Fair gehandelt

Hei geet et op d’Internetsäit vun der Farm a Kenia

- +
SKU: N/A Category:

Produktbeschreiwung

De Kaffi gëtt geréischtert bei:

Patrice.Coffee

Sadler Patrice

5, montée du Château

L-6314 Beaufort

Méi Infoen

Quantitéit

250g, 1kg

Boun/gemuel

an der Boun, gemuel fir Filter, gemuel fir Bodum/French Press, gemuel fir Espresso (Cafétière italienne Bialetti), gemuel fir Hario V60, gemuel fir Chemex

Reviews

There are no reviews yet.

Be the first to review “Kenia – Sakami – Natierlech”

Your email address will not be published. Required fields are marked *


The reCAPTCHA verification period has expired. Please reload the page.