Degustatiounsset: 4 Kaffien aus 4 Länner

Ab 33.00

- +

Nächst Réischterung Méinden 15. Juni, nächste Versand Mëttwoch 17. Juni! 

Klick hei fir Bewertunge vu menge Clienten ze liesen! 🙂 

Ech sinn de Patrice, gudden, richteg faire Kaffi ass meng Passioun. Zanter 2019 réischteren ech Kaffi a verschécken en duerch dat ganzt Land. D’Kaffie kréien ech iwwer de Wee vum Direct Trade (direkten Handel) dat heescht dass bal keng Tëschenhändler tëscht dem Kaffisbauer a mir selwer sech ee Stéck vum Kuch ofschneiden an dofir kritt de Bauer vill méi Geld fir säi Kaffi, am Verglach zum konventionelle Kaffi, deen op der Börs gehandelt gëtt.

Schmaach elo 4 aktuell Kaffie vu Patrice.Coffee. Géi op eng kleng Kaffisweltrees an entdeck Kaffi aus Brasilien, Tanzania, Nicaragua an aus Kolumbien. Déi 4 Kaffie sinn immens ënnerschiddlech an ech si mir sécher, dass de mat dësem Pak Goûten entdecks, déis du dir net bei Kaffi erwaart hues.

Brasilien:

De Kaffi aus Brasilien ass eng Mëschung vu 4 Kaffisfarmen déi ënner dem Numm Capricornio zesummeschaffen. D’Mëschung ass ofgestëmmt fir een exzellenten Espresso aus dem Kaffi erauszehuelen an och fir Espresso baséiert Mëllechgedrénks, wéi Cappuccino oder Latté. Genau dat richteg fir d’Espressofans déi et gär méi staark hunn!

Tanzania:

De Kaffi kennt vun der COOP Amkeni aus dem Duerf Mwika dat am Hang vum Kilimanjaro läit an aus 45 Kaffisproduzente besteet. Ënnerenanerem fënnt ee Goûte vu Schockela an Nëss, mee och méi funky Goûte wéi gedréchent Friichten an Hammbieren.

Nicaragua:

De Rony Herrera ass ee Kaffisproduzent an 3. Generatioun an deen éischten aus der Famill dee sech komplett op Spezialitéiten Kaffi fokusséiert huet. De Kaffi huet angenehm blummeg a fruuchteg Goûten an ass wierklech ee Genoss, fir Fans vu méi duusem Kaffi.

Kolumbien:

De Kaffi aus Kolumbie kënnt vum Iveth d’Muñoz, dat ech op menger Rees a Kolumbien kennegeléiert hunn. Ech hu mat him ausgemaach, dass ech all Joer seng ganz Recolte opkafen. Esou weess hat, dass säi Kaffi all Joer direkt verkaf ass an ech hunn ee Kaffi deen et weltwäit just bei mir gëtt. Mat Goûte vu Mëllechschockela, Zëmt, schwaarzen Téi an Apel ass dëse Kaffi ee wierkleche Genoss.

D’Philosophie vu Patrice.Coffee

  • uerdentlech Präisser fir de Bauer (mindestens den duebele Präis vum Fairtrade Minimumpräis!)
  • qualitativ héichwäertege Kaffi (wéi et en net am Supermarché gëtt!)
  • schounend Trommelréischterung fir dee beschte Goût aus der Boun ze huelen
  • Transparenz: Op all Pak gesäis du genau vu wéi enger Farm/ Cooperative de Kaffi kënnt
  • fir all 250g verkafe Kaffi ginn 10 Cent un Eight.World fir e bedéngungsloost Grondakommes am Uganda
  • geréischtert zu Beefort am schéine Mëllerdall

Hues du Froen? Schreif mir eng Mail! Ech hëllefen dir ganz gär weider!

SKU: N/A Category:

Description

Wat soen d'Patrice.Coffee Clienten?

De Kaffi gëtt geréischtert bei:

Patrice.Coffee

Sadler Patrice

5, montée du Château

L-6314 Beaufort

Additional information

Quantitéit

4 x 125g, 4 x 250g, 4 x 1kg

Muelgrad

an der Boun/whole beans, gemuel fir Filter/ground for filter, gemuel fir/ground for Bodum/French Press, gemuel fir/ground for Espresso (Cafétière italienne Bialetti), gemuel fir/ground for Hario V60, gemuel fir/ground for Chemex

Reviews

There are no reviews yet.

Be the first to review “Degustatiounsset: 4 Kaffien aus 4 Länner”

Your email address will not be published. Required fields are marked *