Thailand – Doi Saket – Limitéiert Editioun

9.0030.00 inkl. MwSt.

Doi Saket ass déi eelste Kaffisregioun an Thailand. An den 1970er Joren sinn an der Regioun ronderëm Chiang Mai am Norde vun Thailand, déi éischt Arabica Beem geplanzt ginn, fir den Ubau vum Opium ze ersetzen. Chiang Mai läit mir besonnesch um Häerz, well ech am Januar 2018 gutt 3 Wochen do gelieft hunn an och eng kleng Kaffisfarm besicht hunn.

Thailand ass nach net wierklech um Radar am Specialty Kaffi, mee well si esou gutt entwéckelt sinn maache si immens schnell Fortschrëtter an de Kaffi gëtt ëmmer besser. Thailännesche Kaffi ass nach ëmmer eng richteg Raritéit an dat mécht en zu eppes Besonneschem!

Dëse Kaffi ass hallef gewäsch an huet Goûte vun Nëss, Kakaopolver an eng angeneem Séisst vu Quetschen.

Richteg gutt als Filter, French Press an Espresso, ee richtegen Allrounder!

Limitéiert Editioun?

Wéi ech dëse Kaffi bestallt hu war nëmmen nach 1 Sak vu ca. 60 kg ze kréien. Dofir kann ech net méi wéi déi 60 kg ubidden!

  • Co-op: Doi Saket Coop
  • Ugebaut zu: Doi Saket, Chiang Mai Province, Thailand
  • Altitude: 1300 – 1500
  • Goûten: Nëss, Kakaopolver a Quetschen
  • Varietéiten: Typica
  • 100% Arabica
  • wéineg Saier a Mo schounend
  • Keen Asaz vu Chemikalien 
  • Vun Hand gepléckt
  • Fair gehandelt
  • Limitéiert: ech konnt leider nëmme 60kg vun dësem Kaffi kafen a fir dëst Joer ass en ausverkaf. Dohier ass dëse Kaffi nëmme soulaang do wéi es nach op Stock ass.

Auswahl zurücksetzen
Artikelnummer: n. a. Kategorie:

Beschreibung

De Kaffi ass vum Patrice Sadler geréischtert zu Pont-a-Mousson an der Réischterei:

Café Loren

89 Chemin Montrichard

54700 Pont-à-Mousson

Zusätzliche Information

Quantitéit

250g, 1kg

Boun/gemuel

an der Boun, gemuel fir Filter, gemuel fir Bodum/French Press, gemuel fir Espresso (Cafétière italienne Bialetti), gemuel fir Hario V60, gemuel fir Chemex

Bewertungen

Es gibt noch keine Bewertungen.

Schreibe die erste Bewertung für „Thailand – Doi Saket – Limitéiert Editioun“

Deine E-Mail-Adresse wird nicht veröffentlicht. Erforderliche Felder sind mit * markiert.