Uganda – Zombo – Triage

Ab 7.00

- +

OPGEPASST! Congé bis de 24. November! Du kanns weiderhi bestellen, deng Bestellung gëtt an der Woch vum 24. November verschéckt!​

Nächst Réischterung de 24. November, nächste Versand de 26. November!

Bei dësem Kaffi handelt et sech em aussortéiert Bounen, déi net als “Specialty Coffee” verkaf kënne ginn. Dat ass e bësschen sou wéi kromm Bananen, déi net kënnen am Supermarché verkaf ginn opwuel se vum Goût hier trotzdem super gutt sinn! D’Bounen hunn also visuell Defekter, wat awer net heescht dass se schlecht schmaachen!

Am Abrëll dëst Joer war ech ënner anerem am Uganda an hunn Zombo Coffee an d’Produzenten, déi mat Zombo an der Regioun ronderëm Nebbi schaffe besicht. Zombo ass den Härzensprojet vum Andy Carlton, deen Ufanks fir eng Hëllefsorganisatioun ee Pilotprojet ausgeschafft huet, fir d’Konditiounen vun de Kaffisbaueren ronderëm Nebbi ze verbesseren. Dat éischt Joer huet dëse Projet super geklappt, mee leider huet d’Hëllefsorganisatioun sech aus der Regioun zréckgezunn.

Verständlecherweis war den Andy frustréiert, well e vill Arbecht an de Projet gestach huet, mee och well en eng grouss Verbesserung vun der Liewensqualitéit vun de Bauere feststelle konnt. Den Andy ass een immens energeschen 75 jähregen Englänner, deen dat net op sech sëtze loosse konnt. Dofir huet hien all säi Erspuertes an och nach Geld vu senge Geschwëster an d’Kreatioun vu Zombo gestach.

Zombo huet “Microstations” an den Dierfer opgebaut. Hei kënnen d’Baueren elo hier Kaffiskiischten oofginn a sie kréien direkt d’Geld fir hire Kaffi. D’Microstations këmmeren sech dann ëm d’Weiderveraarbechtung vun de Bounen, sie ginn aus de Kiischte rausgeholl a gedréchent. Ier Zombo an der Regioun aktiv war, waren d’Baueren Zwëschenhändler ausgeliwwert, déi hinnen en Apel an e Stéck Brout fir hire Kaffi ugebueden hunn an se deelweis och bedroot hunn, fir dass se hinnen de Kaffi verkafen. Dernieft ass Déiwstal och ee grousse Problem, fir d’Baueren. Wa sie net opgepasst hunn, krute sie hier ganz Recolte geklaut.

Nom Dréchnen kënnt de Kaffi dann an d’Fabrik vu Zombo. Hei gëtt d’Kaffisboun vun der leschter Schuel getrennt a Bounen mat Defekter ginn eraus sortéiert.

Dës aussortéiert Bounen, verkeeft Zombo fir een immens gerénge Präis an hei kommen ech an d’Spill. Wärend menger Rees hunn ech all Moien dësen Triage Kaffi gedronk an mir hunn en och géigendiwwer vun anerem Kaffi geschmaacht. Ech hu fonnt, dass dëse Kaffi trotz den Defekter exzellent ass an hu mam Andy a mat This Side Up doriwwer geschwat op ech net e puer Säck dovu ka kréien. Mir bezuele Zombo méi fir dës Triage Bounen, wéi dat wat se um lokale Marché dofir kréien a suergen esou dofir, dass sie am Endeffekt méi Geld hunn wat de Kaffisbaueren ronderëm Nebbi zu Gutt kënnt.

Dësen 100% Arabica Kaffi huet angenehm Goûte vun Nëss, Schockela an liicht fruuchteg Nouten.

Wëlls du méi iwwer Zombo wëssen? Klick hei a kuck der hier Websäit un!

  • Dierfer: Ajere, Gonyopbendo, Ndhew, Pamitu, Ambe, Ayaka, Mitapila, Leda, Jukia (insgesamt iwwer 1000 Baueren)
  • Produzent: Zombo Coffee
  • Ugebaut zu: West Nil Regiou ronderëm Nebbi, Uganda
  • Altitude: 1200m – 1700m
  • Varietéiten: SL14, Bourbon
  • Goûten: Nëss, Schockela, gedréchent Kiischten
  • Prozess: gemëscht (gewäsch an natierlech)
  • 100% Arabica
  • Vun Hand gepléckt
  • Fair gehandelt
SKU: N/A Category:

Produktbeschreiwung

De Kaffi gëtt geréischtert bei:

Patrice.Coffee

Sadler Patrice

5, montée du Château

L-6314 Beaufort

Méi Infoen

Quantitéit

250g, 1kg

Muelgrad

an der Boun/whole beans, gemuel fir Filter/ground for filter, gemuel fir/ground for Bodum/French Press, gemuel fir/ground for Espresso (Cafétière italienne Bialetti), gemuel fir/ground for Hario V60, gemuel fir/ground for Chemex

Reviews

There are no reviews yet.

Be the first to review “Uganda – Zombo – Triage”

Your email address will not be published. Required fields are marked *