Emklammen op natierlech a bio Landwirtschaft
Iwwerweisungsbeleeg
Hei ass dann och nach de Beleeg fir déi 514.50€ déi ech un de Juan Pablo iwwerwisen hu, fir de Projet

Ech war, wéi déi meescht vun iech wëssen, am Juni 2023 a Kolumbien an hu beim Juan Pablo Lasso Argote op der Kaffisfarm geschafft a vill vun de Kaffisbaueren kennegeléiert.
Well ech hinnen immens dankbar si fir des onvergiesslech Zäit wollt ech eppes fir si maachen zesumme mat iech, menge Clienten. D’Iddi ass Geld ze sammelen, fir dass d’Bauerenkollektiv zu Génova, sech ee kolumbianeschen Expert leeschte kann, deen hinne bäibréngt wéi si hier Farmen op Bio ëmstelle kennen an hier eege biologesch Dünger hierzestellen, mat Saachen déi se schonn op hirer Farm hunn.
D’Virdeeler vun esou enger Landwirtschaft si villfälteg. D’Bauere mussen net méi mat deelweis toxesche Mëttele schaffen, de Buedem an d’Gewässer zu Génova gi manner belaascht, richteg ugewannt kann sou eng Landwirtschaft op laang Siicht zu méi Ertrag féieren an domat zu méi Geld fir de Bauer.
De Jairo Restrepo ass, laut dem Juan Pablo, ee berühmten kolumbianeschen Expert deen elo schonn eng grouss Inspiratioun a Motivatioun fir hien ass. Mat dësem Workshop, hofft de Juan Pablo méi vu senge Kaffisbaueren dozou ze kréien och komplett op Bio ëmzestellen, eppes wat hien elo scho jorelaang esou mécht a wat him immens um Häerz läit. Dernieft geet et och drëm aner Planzen op de Farmen unzebaue fir esou eng harmonesch Symbios tëscht deene Planzen an de Kaffisbeem hierzestellen.
De Jairo Restrepo ass op de Social Medias als “La Mierda de Vaca”, iwwersat op gutt lëtzebuergesch “De Kouschäiss”, ënnerwee. A falls du interesséiert bass méi iwwer hien an seng Aarbecht erauszefannen, kanns du hei op seng Websäit kucke goen!
De Workshop gouf am Februar 2024 ofgehal a mat de Spenden vun 514.50 € hu mir gehollef, dass si sech dat leeschte kënnen!
Villmools Merci u jiddereen dee matgespent huet!