Zeréck ginn ass fir mech selbstverständlech!
Als Mënsch, virun allem een deen aus engem vun de räichste Länner vun der Welt kënnt, fannen ech et perséinlech wichteg an och selbstverständlech zeréckzeginn. Sief et u sozial Projete wéi e bedéngungsloost Grondakommes am Uganda oder un Ëmweltprojete wéi d’Planze vu Beem!
D’Planze vu Beem maachen ech säit der Grënnung vu Patrice.Coffee am September 2019, a sou gëtt fir all verkafe Pak Kaffi vun 250g, ee Bam a Kenia geplanzt. Hei fënns du méi Infoen doriwwer an och all d’Beleeg vun de Spenden déi ech gemaach hunn!
Projet fir Kaffisproduzenten zu Génova a Kolumbien
Méi rezent, am Dezember 2023, hunn ech mir geduecht ech ka villäicht och nach anescht zréckginn an zwar un d’Kaffisproduzente selwer. Ech hunn dofir mam Juan Pablo a Kolumbien geschwat, bei deem ech 2023 wärend 10 Deeg op der Kaffisfarm geschafft hunn.
Hien huet mir vun enger Workshop erzielt deen hie fir d’Kaffisproduzenten am Duerf organiséiere wollt fir si dozou ze kréien op méi biologesch Art a Weise vum Kaffiubbau emzeklammen.
Fir dëse Projet hutt dir, meng léif Clienten, 330 € gespent an ech hunn nach eng Kéier 184.50€ drop geluecht. Insgesamt hu mir zesummen domat 514.50€ zu dësem super Projet bäigedro! Mei Infoen iwwer de Projet fënns du hei!

Projet bedéngungslost Grondakommes fir Kaffisproduzenten am Uganda
Am Dezember 2024 hunn ech mat mengem Importateur This Side Up zesumme gekuckt wou d’Spenden higoe sollen. Zesumme mat Eight.World, enger ONG aus der Belge hu si ee bedéngungsloost Grondakommes fir Kaffisproduzenten am Uganda op d’Bee gestallt.
Well ech dee Projet top fonnt hunn an am Allgemenge fir ee bedéngungsloost Grondakommes och bei eis sinn, war et fir mech kloer de Fokus dorop ze leeën.
Fir dëse Projet hutt dir insgesamt 567.20€ gespent an ech hunn nach eng Kéier 432.80€ dropgeluecht. Insgesamt hu mir zesummen also 1000€ un de Projet vum bedéngungslose Grondakommes am Uganda gespent! Méi Infoen iwwer de Projet fënns du hei!
Hëllef fir d'Kaffisproduzenten am Kongo - Krich am Kongo
D’Rebellen M23 ënnerstëtzt duerch Ruanda, féiert aktuell Krich géint déi kongoleesesch Regierung! D’Regioun an där aktuell Krich herrscht ass genau do, wou mir de Kaffi hierkréien. De gros vun de Kaffisproduzenten ass an d’Staat geflücht an der Hoffnunf op méi Sécherheet. Allerdéngs ass d’Liewen an der Staat vill méi deier a wéi wann dat nach net genuch wier, hunn d’Banken och hier Dieren zougemaach an d’Mënschen hu keen Acces op hier Geld.
Ech spenden dohier 2€ fir all Kilo kongoleesesche Kaffi deen ech verkafen un d’Cooperative RAEK am Kongo.
Een groussen Deel vun iech huet mir och direkt Spenden iwwerwisen a sou si mir aktuell op 558.47€ déi mir u RAEK geschéckt hu per Western Union!
(Stand: 1. Abrëll 2025)
Klick hei fir d’Beleeg vun den Western Union Iwwerweisungen ze gesinn!