Kaffi ass eng Fruucht déi um Kaffisbam wiisst. De Kaffisbam ass ee Busch dee ganzjäreg Blieder huet. Dat wat mir d’Kaffisboun nennen ass u sech de Som aus der Kaffisfruucht. D’Kaffisfruucht gëtt Kiischt genannt well se ausgesäit wéi eng Kiischt. 

Et gëtt verschidde Faarwe bei de Kiischten, mee am heefegsten si giel a rout.

Wou wiisst Kaffi?

Kaffi wiisst an den Tropen tëscht dem Wendekrees vum Kriibs an dem Wendekrees vum Steebock. Dës Regioun nennt een op englesch och nach de “Coffee Belt” also Kaffisrimm. Et kann een d’Kaffisbeem och op anere Plazen op der Welt uplanzen, allerdéngs ass et seelen dass se bléien, nach méi seelen dass dorausser Kiischten entstinn an nach vill méi seelen dass de Kaffi gutt schmaacht. 

Wousst de schonn? Fun Fact!

Ee Kaffisbaam produzéiert am Duerchschnëtt ee Pond geréischterte Kaffi pro Joer. Lo kanns du dir jo mol ausrechne wéi vill Kaffisbeem gebraucht ginn nëmme fir dech 😉 Wann s de dir d’Méi gemaach hues et auszerechnen, schreif et ënnen an d’Kommentaren 😉 Mir géifen eis freeën eppes vun dir ze liesen 🙂 

Robusta an Arabica wat heescht dat?

Robusta an Arabica sinn zwou verschidden Zorte Kaffisbeem. 

Robusta (Coffea canephora) wiisst op enger méi niddereger Altitude wéi Arabica. D’Robustaplanz ass méi robust (wien hätt dat geduecht) géint Krankheeten a produzéiert am Duerchschnëtt och méi wéi d’Arabicaplanz. De Robusta Kaffi schmaacht am generellen net besonnesch gutt an huet oft Goûte vun naassem Kartong déi net besonnesch interessant sinn. Robusta gëtt oft a Kaffismëschunge bäigefügt, well en vill méi bëlleg ass wéi Arabica, an d’Firmen hire Kaffi sou e bëssche strécken. Am Spezialitéite Kaffi kënnt nëmme ganz seele Robusta zum Asaz. Géigenden an deene vill Robusta ugebaut gëtt sinn zum Beispill Vietnam, Indien, Indonesien an Thailand.

Arabica (Coffea arabica) wiisst virun allem a Biergregiounen iwwer 1000m.  Am Géigesaz zum Robusta ass d’Recolte vun der Arabicaplanz vill méi niddereg a siass och vill méi ufälleg fir Krankheete wéi zum Beispill Blaatrascht. Dofir ass Arabica awer besser an der Qualitéit a vill méi interessant am Goût. D’Goûten déi een am Arabica fanne ka, gi vun Zitrusfriichten iwwer gedréchent Friichten hin zu Schockela a Nëss (falls de Réischterer weess wat e mécht 😉  ).  Géigenden an deene vill Arabica ugebaut gëtt sinn zum Beispill Ethiopien (den Ursprong vum Kaffi), Kolumbien, Brasilien, Guatemala, Kenia, Ruanda, Costa Rica, Peru a souguer Australien.

Vill verschidde Varietéiten am Kaffi!

Mee et gëtt net nëmme verschidde Kaffiszorten. Wéi béi bal all Planz, gëtt et och beim Kaffi verschidde Varietéite vun der selwechter Spezies. Beispiller déi een op Tute vu GUDDEM Kaffi fanne ka si Bourbon, Catuai, Caturra oder och nach SL28.  All Varietéit (et gëtt iwwer 100 Kaffisvarietéiten) huet säin eegent Geschmacksprofil.

Et ass amfong e bëssche wéi béi Äppel, do gëtt et Golden Delicious, Granny Smith, Pink Lady oder och nach Macintosh (et gëtt insgesamt ronn 7.500 Varietéite vun Äppel). All dës Äppel schmaachen ënnerschiddlech mee et sinn trotzdeem alles Äppel. 

Ech hoffen dass dat hei dir ee kléngen Abléck an déi interessant Welt vum Kaffi ginn huet, an et géif mech freeë wanns de mir sees, wats de vum Artikel häls. Zéck net wann eppes onkloer ass einfach deng Fro an de Kommentaren ze posten. Falls de mech ënnerstëtze wëlls op menger Missioun d’Lëtzebuerger iwwer Kaffi opzekläre kanns de dëse Blogpost jo einfach mat denge Kollegen um Facebook deelen!

Merci fir d’Liesen an am nächsten Artikel, wäert et iwwer d’Prozesser goen déi genotzt ginn, fir d’Kaffisboun aus der Fruucht ze kréien a prett ze maache fir den Transport bei eis. 

Ciao Ciao,

Patrice Kaffistut Sadler

Leave a Reply

Your email address will not be published. Required fields are marked *


The reCAPTCHA verification period has expired. Please reload the page.