Kaffi ass net gläich Kaffi.

Wéi bei all Produit gëtt et qualitativ riseg Ënnerscheeder. Kuckt een sech zum Beispill Wäin un kann ee sech eng Fläsch kafe fir 3 € mee et kann ee sech och eng Fläsch fir e puer honnert Euro kafen.

Mee wat mecht Specialty Kaffi besonnesch a wéi gëtt dëse qualitativ héichwäertege Kaffi bewäert?

Fir d’Bewäerte vum Kaffi gëtt de Kaffi gecupped. Heibäi gi vill verschidde Kaffien an Tasen opbereet an da mat engem Läffel geschlürft fir en ze schmaachen. Q Grader (De Sommelier vum Arabica Kaffi) bewäerten da verschidde Fakteuere vum Kaffi.

Dorënner falen:

  • de Goût
  • de Geroch dréchen an naass
  • d’Saier
  • de Kierper
  • d’Séisst
  • d’Balance
  • Uniformitéit

     

Heibäi gëtt vun 0 – 100 Punkte bewäert.

 

Specialty Kaffi fänkt bei 80 Punkten un. Fir des richteg gutt Kaffie bezilt ee scho bei de grénge Bounen ee gutt Stéck méi an dat wierkt sech natierlech och op de Praiss fir de Konsument aus. Kaffispraisser tëscht 20 a 40 € pro Kilo sinn normal fir Specialty.

Beim Specialty Kaffi geet et ëm méi ewéi gudde Kaffi!

Beim Commodity Kaffi dee gehandelt gëtt, geet et just em Demande an Offer vum Kaffi an de Marché kann einfach manipuléiert ginn. Sou kréien d’Baueren dann am Endeffekt nëmmen e puer Cent pro Kilo Kaffi. Wéi soss ass et méiglech dass een am Supermarché Kaffi fir 5 € de Kilo kafe kann?

Wann ee bedenkt, dass de Kaffi de Konsument 5 € kascht, dann do nach 3% TVA ofrechent an tëscht 15 an 25 % Marge vum Buttek dann verkeeft de Réischterer dem Supermarché de Kaffi scho fir nëmmen 3.75€. Wann de Réischterer dann eng Marge vu 50% huet bezilt en fir déi gréng Bounen nach 1.88€. Dann muss een do nach den Transport vun de Bounen aus dem Hierstellungsland ofhalen an d’Marge vun de Kaffishändler an dann ass ee wann et gutt geet nach bäi 50cent pro Kilo deen de Bauer dofir kritt.

Déi meescht Baueren hunn nëmme 50-100 Kaffisbeem an all Bam produzéiert duerchschnëttlech ee Pond Kaffi. Dat heescht an engem Joer verkafen si just 25-50 kg Kaffi a bei 50 Cent pro Kilo sinn dat dann nach 12.50€ – 25€ pro Ernte.

Beim Specialty Kaffi gesäit dat ganzt anescht aus. Hei kritt de Bauer tëscht 5 an 10 € de Kilo (an deelweis nach e richtege Batz méi wann e Kompetitioune gewënnt). Also kéint dee selwechte Bauer wann en bessere Kaffi produzéiert bis zu 500€ pro Ernte verdéngen.

Commodity Kaffispraiss fir de Bauer
0
pro Kilo Kaffi
Specialty Kaffispraiss fir de Bauer
0
pro Kilo Kaffi

Mat deem Geld kann de Bauer dofir suergen dass e proppert Drénkwaasser huet fir sech a seng Famill an e kann seng Kanner an d’Schoul schécken.

Wanns du also déi nächst Kéier Kaffi kafe wëlls, denk eng Kéier kuerz un déi wichtegst Persoun an der laanger Hierstellungskette vum Kaffi; de Bauer. An denk driwwer no ops de wierklech beim Kaffi, engem Luxusproduit vun deem all Lëtzebuerger am Joer am Duerchschnëtt nëmme 6,5kg drénkt spuere muss!

Ouni de Kaffisbauer gëtt et kee Kaffi a wann mir net ufänken dem Kaffisbauer eppes zeréck ze ginn hu mer geschwënn keng Kaffisbauere méi mee nëmmen nach Multinationalen déi schlechte Kaffi, zu schlechten Aarbeschtskonditiounen a mat ville Pestiziden hierstellen a mir wësse mëttlerweil all, dass dat net de richtege Wee ass!

Sou genuch opgereegt 😉 Géi maach dir eng gutt Taass Kaffi a schreif mir hei ënnen an d’Kommentaren ops du ëmmer dee bëllegste Kaffi keefs oder op dir de Kaffisbauer um Häerz léit! 🙂

Leave a Reply

Your email address will not be published. Required fields are marked *


The reCAPTCHA verification period has expired. Please reload the page.