Kaffi ass déi 2. meescht gehandelt Wuer op der Welt, hannert Ueleg. Milliounen Tonne ginn all Joer hiergestallt fir dass d’ganz Welt Moies eng gutt Taass Kaffi huet, fir an den Dag ze starten. Mee wou gëtt wéi vill Kaffi ugebaut an hiergestallt?

An dëser Lëscht gi mir op déi 10 Länner an, déi am meeschte Kaffi produzéieren. Sief nach gesot, dass et sech bei dësen Zuelen em Kaffi am Generellen handelt. Dat heescht souwuel Arabica wéi och Robusta fléissen an des Statistik mat an!

Brasilen (2.592.000 Tonnen/Joer)
2.592.000 Tonnen/Joer
Vietnam (1.650.000 Tonnen/Joer)
1.650.000 Tonnen/Joer
Kolumbien (810.000 Tonnen/Joer)
810.000 Tonnen/Joer
Indonesien (660.000 Tonnen/Joer)
660.000 Tonnen/Joer
Ethiopien (384.000 Tonnen/Joer)
384.000 Tonnen/Joer
Honduras (348.000 Tonnen/Joer)
348.000 Tonnen/Joer
Indien (348.000 Tonnen/Joer)
348.000 Tonnen/Joer
Uganda (288.000 Tonnen/Joer)
288.000 Tonnen/Joer
Mexiko (234.000 Tonnen/Joer)
234.000 Tonnen/Joer
Guatemala (204.000 Tonnen/Joer)
204.000 Tonnen/Joer

Brasilien ass also de Weltmeeschter an der Kaffisproduktioun! Mee wouru läit dat?

Brasilien ass dat Land wou d’Kaffisproduktioun am meeschten industrialiséiert ass. Quasi nëmmen a Brasilien hunn se Maschinnen, fir de Kaffi vun de Kaffisbeem ze recoltéieren. Op deene meeschten anere Plaze gëtt dat vun Hand gemaach. 

D’Kaffisindustrie huet a Brasilien sou richteg geboomt tëscht 1820 an 1830 a war opgebaut um Réck vu Sklavenaarbechter. Wien an dëser Zäit a Brasilien, Kaffisplantagen hat, war räich an hat immens politesch Muecht.

An deene meeschte Kaffismëschungen déi een am Supermarché haut fënnt ass Brasilianesche Kaffi mat verschafft, well dëse Kaffi duerch déi industriell Produktioun immens bëlleg ass.

Leave a Reply

Your email address will not be published. Required fields are marked *


The reCAPTCHA verification period has expired. Please reload the page.