Wéi sinn ech beim Kaffi geland?

Wéi déi meescht Léit, drénken ech scho säit laangem all Dag Kaffi. Laang Zäit hunn ech mäi Kaffi wéi vill Léit einfach am Supermarché kaf an dat natierlech fäerdeg gemuel

Dunn hunn ech ugefaangen an enger Réischterei ze schaffen an hunn Kaffi an Tute gefëllt. Dat war och de Moment an deem ech déi éischt Kéier Kaffi aus Ethiopie gedronk hunn. Meng Astellung zum Kaffi huet sech direkt geännert well ech virdrun ni wousst, dass Kaffi net nëmme batter muss sinn.

Vum Kaffisféiwer ugestach, hunn ech alles gelies a gekuckt iwwer Kaffi, an ech hu festgestallt, dass dee Kaffi deen ech geschmaacht hunn just d’Spëtzt vum Äisbierg war an ee vun deene schlechte gudde Kaffien.

Déi éischt Kéier Kaffi réischteren!

Well ech op der Aarbecht net un de Réischterer gelooss gi sinn, hunn ech mir ee Whirley Pop kaf. Dat ass ee Popcorn Dëppen. Doran hunn ech déi éischt Kéier selwer Kaffi geréischtert.

Doropshin hunn ech dunn och op der Probat UG-22 réischteren dierfen, ee Réischterer aus de 50er dee bis zu 22kg réischtere kann.

Faszinéiert vun der Réischterkonscht, hunn ech mir mäin eegene klengen 2kg Réischterer kaf, op deem ech richteg lecker an deier Bounen a ganz klenge Menge réischteren.

Mäin Zil!

Geréischtert Kaffisbounen

Kaffi heescht Mënschen. 

Mir drénken all Dag eise Kaffi ouni iwwerhaapt ze wësse wou en hir kënnt a wéi vill Léit eigentlech haart schaffe mussen. 

Mäin Ziel ass et d’Lëtzebuerger iwwer Kaffi opzeklären an iwwer dee Wee de Kaffi an d’Léit déi eise Kaffi ubauen a veraarbechte méi ze wierdegen. Leider ass et esou, dass d’Baueren ëmmer nach vill ze wéineg fir hir ustrengend Aarbecht kréien. A wa mir, wou et eis dach sou gutt geet, eis fir gudde Kaffi entscheeden an de Präis bezuelen deen et wäert ass, kënne mir de Baueren eppes dovun zréck gi fir dass och si sech propper Waasser a Schoule fir hir Kanner leeschte kënnen!

2019 - Start vu Patrice.Coffee

2019 hunn ech ugefaange mäi selwer geréischterte Kaffi ze verkafen. Ech konnt mir keen eegene Réischterer leeschten an hunn de Betrib mat 2000€ ugefaangen. Zu där Zäit sinn ech all 2 Wochen op Pont-à-Mousson a Frankräich gefuer, wou ech de Réischterer vum Amerikaner Loren Huck gelount hunn. Ech si mat iwwer 100kg  ongeréischtertem Kaffi dohi gefuer a mat ronn 80kg geréischtertem Kaffi rëm heem komm.

2021 - Meng eege Réischterei zu Beefort

Mat der Hëllef vu menge Clienten déi mir iwwer ee Crowdfunding méi wéi 5000€ gespent hunn, war et un der Zäit ee Réischterer ze kafen an eng Plaz ze fannen.

Vun der Beforter Gemeng hunn ech mir dunn een ale Koustall an der Montée du Château gelount an d’Ëmbauaarbechte konnte lassgoen.

Säit November 2021 gëtt mäi Kaffi elo an der klenger Réischterei zu Beefort geréischtert. Mat mengem Réischterer, réischteren ech am Mount em déi 250kg Kaffi a verschécken en uechter d’ganz Land!

Merci u jiddereen dee mech op dëser Rees begleet huet!

2023 - Rees a Kolumbien

Am Juni 2023 hunn ech mech op déi wäit Rees a Kolumbien gemaach. Ech hu wärend 10 Deeg beim Juan Pablo Lasso Argote op der Farm zu Génova geschafft. Vun him hunn ech alles bäibruecht kritt wat virum Réischteren hei zu Lëtzebuerg gemaach muss ginn. Vun der Recolte, iwwer d’Wäschen an Dréchnen ass Kaffi produzéieren Handaarbecht an och richteg vill Aarbecht!

An do maache mir elo full circle zréck! Kaffi heescht Mënschen! Däi Kaffi ass iers du dir eng Taass maache kann duerch wansinneg vill Hänn gaang. Vill Leit hunn doru geschafft an dofir ass et wichteg, sech heiansdo kuerz Zäit ze huelen a Kaffi net nëmmen als ee Produit ze gesinn, mee als eng Hand an Hand Aarbecht tëscht ville verschiddenen Acteuren.

Kaffi heescht Mënschen!

lu_LULëtzebuergesch