Vun der Fruucht bis bei d’Boun! – Wéi gëtt Kaffi haltbar gemaach?

Beim Kaffi nennt een dat Processing also “Verschaffen”. Dobäi geet et dorëms, d’Fruucht vum Som ze trennen an de Som ze dréchnen. Et gëtt e puer Methode wéi een dat maache kann, mee fir et einfach ze halen, schwätze mir elo nëmmen iwwer d’washed Method also gewäsche …

French Press – Wéi mécht ee Kaffi an der French Press/ Bodum

Den Ënnerscheed tëscht Filterkaffi a French Press Bei der French Press schwätzt ee vu Full Immersion. Dat heescht, dass d’Waasser an der Kaffi zesummen an engem Behälter zéie gelooss gëtt. Am Géigesaz zum Filter, wou d’Waasser duerch de Kaffi leeft. Den Haaptënnerscheed am Goût ass, dass ee …

De Muelgrad vum Kaffi – Firwat ass e sou wichteg?

Egal op Kaffisvollautomat, Filtermaschinn oder Espressosmaschinn, déi wichtegst Variabel déi ee beim Kaffi maachen astelle kann ass de Muelgrad. De Muelgrad astelle setzt natierlech fir d’éischt Viraus, dass een eng Kaffismillen huet. An engem spéideren Artikel wäert ech dorop agoen, wat ee vun Optiounen huet bei …

Een Trick fir bessere Filterkaffi!

Och wann mam Opkomme vu Vollautomaten a Kapselmaschinnen ëmmer manner Léit Filterkaffi drénken, heescht dat net dass gefilterte Kaffi schlecht muss sinn. A Wierklechkeet gëtt engem Filterkaffi d’Méiglechkeet de Kaffi a seng vill Goûte wierklech ze schmaachen an ee gesondheetleche Virdeel ass, dass de Cholesterol Wert am Filter …