D'Philosophie vu Patrice.Coffee
- uerdentlech Präisser fir de Bauer
- qualitativ héichwäertege Kaffi (wéi et en net am Supermarché gëtt!)
- schounend Trommelréischterung fir dee beschte Goût aus der Boun ze huelen
- Transparenz: Op all Pak gesäis du genau vu wéi enger Farm/ Cooperative de Kaffi kënnt
- fir all 250g verkafe Kaffi gëtt ee Bam a Kenia geplanzt
Schonn
Kolumbien - Iveth Muñoz – Exklusiv
Op menger Rees a Kolumbien, hunn ech nieft der Argote Famill (déi de Kaffi aus Kolumbien exportéieren) och d’Muñoz Famill kennegeléiert. Dorenner war d’Iveth a säi Jong den Adrián! De Kaffi vum Iveth Muñoz gëtt et op der ganzer Welt just bei mir ze kafen! Ech hu mat him ofgemaach, dass ech ab elo seng ganz Recolte all Joer akafen. Dëst Joer sinn dat 315kg!
Ethiopien Espresso – Limmu Kossa – Galeh
Dëse wonnerbare blummege Kaffi aus Ethiopien, wäert dir eng nei Kaffiswelt opmaachen. Ethiopien ass d’Ursprongsland vum Kaffi (a vum Mënsch) an dofir gëtt et do nach wëlle Kaffi, deen et soss op der Welt néierens gëtt.
Peru - Churupampa - La Lima Microlot
Dëse Kaffi kennt aus Chirinos an den Anden am Peru. Peru mat senge ville Bierger ass eent vun deene beschte Länner fir immens héichwäertege Specialty Kaffi ze produzéieren. Churupampa ass eng Kaffisfarm mat engem soziale Business Modell. Amplaz nëmmen no sech ze kucken, hëlleft Tocto Famill och méi wéi 30 anere Baueren an der Emgéigend hire Kaffi besser ze maachen, en ze vermarkten an ze verschëffen.
Kongo - Katana
Dëse Kaffi gëtt am kongoleseschen Duerf Katana vu klenge Familljebetriber produzéiert. Weiderverschafft gëtt en vun der COOP RAEK, déi dofir suergt, dass d’Bauere fair Bezuelungen a fair Aarbechtskonditiounen hunn.
Nicaragua – Santa Lucila
Santa Lucia ass ee richtege Fammiljebetrib deen et elo schonn zanter 60 Joer gëtt. Hier Marque heescht Café Vidita wat esou vill heescht wéi “klengt Liewen“. Dësen Numm ass inspiréiert vum Spëtznumm, deen den elo 97 järege Grënner, René Senior, senger Duechter ginn huet. Haut ass de Betrib an der Hand vu sengen Enkelen dem Rina an dem René Junior.
Ruanda - Rushashi - Natural
Ee weidert afrikanescht Land, dat exzelennte Kaffi produzéiert ass Ruanda. Besonnesch un desem Kaffi ass, dass en "natural" ass. Dat heescht d'Boun gett an der Fruucht (Kaffiskiischt) gedréchent. Doduerch, hëllt d'Boun vill vun de fruuchtege Goûten aus der Kiischt op an dat schmaacht een duerno an der Kaffistaas! Dee perfekte Kaffi fir Léit déi mol e ganz neie Goût entdecke wëllen!
Wat soen d'Patrice.Coffee Clienten?
Froen an Äntwerten
Moien! Ech sinn de Patrice Sadler. Eng richteg Kaffistut, Barista a Kaffisréischterer.
Meng Missioun ass et dir bessere Kaffi unzebidden an de Kaffisbaueren eng fair Bezuelung ze bidden!
Wanns du méi iwwer mech wësse wëlls, klick hei!
De Patrice.Coffee as hei um Site an op verschiddene Mäert ze fannen!
Ausserdem kritt een en elo och bei:
Bäckerei Jeitz, 7 Route de Luxembourg, 6210 Consdorf
Berdorfer Eck, 53 rue d’Echternach, 6550 Berdorf
Epicerie am Duerf, 17, rue Principale, 9184 Schrondweiler
De Patrice.Coffee gëtt zu Beefort a menger Réischterei geréischtert!
Nee. Grondsätzlech sinn ech kee Frënd vu Labelen. Dat gesot, si verschidde vun de Bauere mat deenen ech schaffen awer Bio zertifizéiert. Ech als Réischterer sinn et awer net!
Nee. Wéi och scho beim Bio Label gesot, sinn ech ee Labelskeptiker.
Déi besser Alternativ, nennt sech direct Trade. Bei dëser Form vum Handel, ginn e Koup Tëschenhändler aus dem Spill geholl an de Bauer kritt doduerch méi Geld!
Ech schaffe This Side Up vun Amsterdam zesumme fir mäi Kaffi ze importéieren. Si gi mir Abléck an de genaue Präis deen de Bauer fir säi Kaffi kritt. Esou kann ech garantéieren, dass de Bauer deen de Patrice.Coffee Kaffi ubaut, mindestens den duebele Fairtrade Minimumpräis kritt!
Natierlech! An ee Vollautomat kann een all Kaffi dra maachen. Egal op um Pak dropsteet, dass en extra fir ee Vollautomat ass. Dat ass ee renge Marketing Trick!
Nee. An dat wäert och ni kommen! Kapsele sinn eng riseg Source fir Offall an dofir ënnerstëtzen ech dat net.
Wanns du méi doriwwer wësse wëlls, lies dësen Artikel deen ech geschriwwen hunn!
Ech beäntwerten dir gären all deng Froë per Email! Schreif mir einfach ënner moien@patrice.coffee