Kolumbien – Iveth Muñoz – Exklusiv

9.2531.00 inkl. MwSt.

Nächst Réischterung den 6. Mee, nächste Versand den 8. Mee!

Iveth Muñoz – Exklusiv bei Patrice.Coffee

Op menger Rees a Kolumbien, hunn ech nieft der Argote Famill (déi de Kaffi aus Kolumbien exportéieren) och d’Muñoz Famill kennegeléiert. Dorenner war d’Iveth a säi Jong den Adrián!

E bësschen ausserhalb vum Duerf Génova, lieft d’Iveth mam Adrián a si hunn hei hier Farm déi ronn 1 Hektar grouss ass an aus ca 3500 Kaffisbeem besteet. D’Iveth ass eng Wittfra säit 20 Joer, mee wärend der Recolte kann hat op d’Hëllef vu sengen dräi Jongen zielen. Den Adrián ass immens interesséiert an enthusiastesch fir nei Prozesser ze probéiere wéi zum Beispill déi alkoholesch Fermentatioun vum Kaffi deens du esou bal déi nei Recolte do ass schmaache kanns! 🙂 D’Iveth exportéiert säi Kaffi elo säit 7 Joer mat Argote an huet an där Zäit och schonn ee Präis gewonnen als beschte Kaffi. 

Mam extra Geld, dat d’Iveth verdéngt huet, duerch déi direkt Exportatioun mat Argote, huet hat sech Dréchebetter gebaut (fir de Kaffi ze dréchnen) an een Deel vu sengem Haus renovéiert.

Nieft der Kaffisproduktioun huet d’Iveth och nach ee klenge Buttek (tienda op Spuenesch) wou et Saache verkeeft déi d’Noperen am Alldag brauchen.

An un dëser Plaz sinn ech dann nach ganz frou dir ze soen, dass et de Kaffi vum Iveth Muñoz, op der ganzer Welt just bei mir ze kafe gëtt! Ech hu mat him ofgemaach, dass ech ab elo seng ganz Recolte all Joer akafen. Dëst Joer sinn dat 315kg!

Merci un d’Iveth a seng Famill, fir äre super Kaffi!

  • Ugebaut zu: Colón Génova, Nariño, Kolumbien
  • Altitude: 1950-2000m
  • Goûten: Mëllechschockela, Zëmt, wierzeg, schwaarzen Téi, Apel
  • SCA score: 85.5 vun 100 (exzellent) 
  • Prozess: Gewäsch
  • 100% Arabica
  • Vun Hand gepléckt
  • Fair gehandelt
Interview mam Juan Pablo, deen dem Iveth säi Kaffi exportéiert

- +
SKU: N/A Category:

Produktbeschreiwung

De Kaffi gëtt geréischtert bei:

Patrice.Coffee

Sadler Patrice

5, montée du Château

L-6314 Beaufort

Méi Infoen

Quantitéit

250g, 1kg

Boun/gemuel

an der Boun/whole beans, gemuel fir Filter/ground for filter, gemuel fir/ground for Bodum/French Press, gemuel fir/ground for Espresso (Cafétière italienne Bialetti), gemuel fir/ground for Hario V60, gemuel fir/ground for Chemex

Reviews

There are no reviews yet.

Be the first to review “Kolumbien – Iveth Muñoz – Exklusiv”

Your email address will not be published. Required fields are marked *


The reCAPTCHA verification period has expired. Please reload the page.