Produktbeschreiwung
De Kaffi gëtt geréischtert bei:
Patrice.Coffee
Sadler Patrice
5, montée du Château
L-6314 Beaufort
€48.50 – €641.00
Kréi Kaffi … all Mount!
Maach dir et einfach a kréi all Mount Kaffi geschéckt! Wanns du een Abo mëss, kriss du all Mount frësche Kaffi geschéckt a kanns dech duerch d’Welt vum Kaffi duerchschmaachen.
Wéi funktionéiert et?
Wanns du deng Auswiel getraff hues, gesäis du ënne genau wéi de Präis zu stane kënnt.
Du kriss däin éischte Kaffi, Mëttwochs no denger Bestellung geschéckt, wanns du bis Sonndes bestells, wann net dann dauert et bis déi Woch drop. An der Bestätegungsmail steet de genauen Datum dran. All weidere Kaffi kriss du em den 11. all Mount geschéckt.
Bei denger Bestellung ginn 2.5€ Versand gerechent, deen hunn ech awer schonn aus dem Total rausgerechent, du bezils also net méi wéi néideg!
Bei 12 Méint gëtt et ee Mount gratis!
Hues du Froen? Schreif mir eng Mail! Ech hëllefen dir ganz gär weider!
OPGEPASST: Wann den Abo un eng aner Persoun geschéckt gëtt, kanns du net an der selwechter Bestellung eppes fir dech oder eng aner Persoun bestellen. Dat ass eng technesch Aschränkung, well ech soss de Versand net eenzel rechne kann. Merci fir däi Versteesdemech!
De Kaffi gëtt geréischtert bei:
Patrice.Coffee
Sadler Patrice
5, montée du Château
L-6314 Beaufort
Kaffi | Hell geréischterte Kaffi (méi duuss), Däischter geréischtert (méi staark/Espresso) |
---|---|
Muelgrad | an der Boun/whole beans, gemuel fir Filter/ground for filter, gemuel fir/ground for Bodum/French Press, gemuel fir/ground for Espresso (Cafétière italienne Bialetti), gemuel fir/ground for Hario V60, gemuel fir/ground for Chemex |
Quantitéit pro Mount | 500g, 1kg, 2kg |
Méint vum Abo | 3 Méint, 6 Méint, 12 Méint |
Reviews
There are no reviews yet.